26.02.2016
D'Spillfabrik war op dëser fräi Nuecht erëm déck voll. Et koum souguer sou wäit, dass net genuch Dëscher do waren. Dat huet allerdéngs och un den zwee Space Battle-Spiller geleeën, déi zesumme 5 Dëscher beansprucht hunn: den Dennis hat den Alain, d'Michelle, an de Guy R. op Eclipse
invitéiert, an de Marc F. an di zwee Yvesen haten erëm eng Star Wars: Armada
um lafen.
Am éischte Sall war et richteg voll ginn. De Marc S. an de Rol hu sech am Shadows of Brimstone duelléiert. Ansonste koumen nach Seasons, 6 Nimmt! , Villa Paletti , 7 Wonders , 7 Wonders: Duel , Café International , Qwirkle , a Stone Age op den Dësch, a bestëmmt nach e puer aner Spiller, déi ech net matkritt hunn.

18.02.2016
Haut hat den Alain zwee Spiller am Gepäck, déi hie mam Guy R., Rol, a John gespillt huet: de Roll for the Galaxy
(op Demande vum Rodrigo, deen hei och matgespillt huet) an den Innovation
. Bei leschterem huet de John gewonn, opwuel e vu sénge Géigner wuertwiertlech an d'Steinzeit zréckgebommt ginn ass. Nodeems de Guy gefuer war, ass hei mam John séngem Metro
ofgeschloss ginn.
Niewendrun ass bal dee ganzen Owend Porta Nigra gespillt ginn. D'Michelle huet dat jo schonn vu leschter Woch kannt, an dës Kéier waren de Philippe B., d'Marianne, an d'Christiane S. dobäi.
D'Jeia an de Claude F. sinn och no laanger Zäit erëm era komm, d'selwecht wéi de Lol an de Philippe. Zesumme mam Presi hu si sech am Celestia an am Lords of Scotland gemooss.
Och eis Sammlereditioun vum Takenoko koum am zweete Sall zum Asaz, dëst mam Sophie M. a mat enger Koppel aus sengem Frëndeskrees.
De Marc, d'Michelle, de Philippe B., d'Jeia, an de Claude hunn op hirer Säit mat 6 Nimmt! deen üblechen Absacker.

11.02.2016
Den Owend huet ugefaange mat enger 7-Mann Partie Lobo 77
vun Amigo. Dono koum deen éischten Test vun engem Neizougang an der Fabrikssammlung: Déi zwee Alain-en, de Rodrigo, an d'Sophie M. hunn den Dice City
probéiert.
D'Michelle, den Yves S., de Philippe B., an d'Sandra hunn ee Klassiker ausgepaakt: Die Siedler von Catan . De John war och nees do, an hien huet Geister matbruecht, wat den Dennis an de Max tëscht zwou Spilldesign-Diskussioune getest hunn. Iwwerdeems huet de John zesumme mam Pierre, Christiane K., a Brudder Guy Zich gebaut am Zug um Zug: Europa .
Méi spéit hunn den Alain B. an de Guy den Dësch getosch; vun Zug um Zug: Europa ass et op Istanbul gaangen, an den Dice City ass duerch de Bluff ersat ginn, woubäi den Dennis an de Max nach dobäikomm sinn.
Als Absacker hunn de John, d'Christiane, an de Pierre nach e puer Geister -Partië gemaach, an den Dennis huet de Porta Nigra , souzesoen als "Absacker" mam Max a Michelle bis an d'Nuecht gespillt.
Et war och dësen Owend méi en emotionale fir Spillfabrik-Veteranen, well de Max war haut fir d'lescht bei eis, ier en op München plënnert. Als ee vun eisen éischte Membere war hie vun der Eröffnung u regelméisseg derbäi. Alles Gute, Max! Du wirst uns fehlen.

04.02.2016
An nach en neit Spill an der Fabrik: Discoveries
ass e Wierfelspill aus der Famill vum Lewis & Clark
, an de Presi, den Alain, de Philippe B., an de John (een neie Member, häerzlech wëllkomm) hunn et getest. D'Christiane K. koum e bësse méi spéit bäi an huet sech ugeschloss wéi et un de K2
gaangen ass. Op der schwiereger Säit vum Briet koum et do zu e puer Akzidenter, an den Alain koum ganz just op déi éischte Plaz virum Marc.
Den Dennis hat och e puer Spiller matbruecht: Auf den Spuren von Marco Polo a Portobello Market . De Rodrigo, d'Sophie M., an d'Christiane S. souze mat him um Dësch.
De Steve an d'Violetta waren och erëm komm. Zesumme mam Guy P. a mam Pierre hu si Machi Koro , Love Letter , a Can't Stop gezockt.

29.01.2016
De Steve huet op dëser Fräi Nuecht d'Violetta matbruecht a si hu sech bei den Alain an d'Marianne gesat fir Stone Age
. Den Alain ass du bei en aneren Dësch gaangen, a si hu mat Tobago
an Zug um Zug: Europa
weider gefuer.
D'Sandra, den Thomas, d'Christiane S., de Rodrigo, an d'Sophie M. sinn op Istanbul gaangen an dunn an den Himmel mat .
Den Dennis hat Isle of Skye mat bruecht an huet de Guy P. an d'Christiane H. mat an d'Spill geholl. De Max oum herno derbäi fir eng Carcassonne Mayflower .
Den Yves S. hat och zwee Spiller dobäi: de Piraten: Die Suche nach dem Gold von Davy Jones an de Guess What! Hien huet mam Christian L. a mam Mela gespillt. Fir dono gouf et eng Port Royal ; do sinn den Yves E. an de Marc F. dobäi gestouss, déi virdrun am Raumschlacht-Sall an den zweete Weltkrich mat Wings of Glory: WW2 Rules and Accessory Pack gaange sinn.
Den Alain huet de Rodrigo an de Bob op eng Roll for the Galaxy invitéiert. Dueller gouf et och nach am Jaipur tëscht Christiane S. a Sophie M., a 7 Wonders: Duel tëscht Dennis a Max.

14.01.2016
Den Alain hat en Deel vu sengem Funkenschlag-Gebuertsdagskuch matbruecht, an deen ass och gären ugeholl ginn.
Spillméisseg goung et haut uganks geschlossen an den Orient: Istanbul mam Max, Christiane S., Pierre, Rol, an Yves S., Yspahan mam Alain, Chrëscht, Christiane K., a Guy P., a Koryŏ mat den Theisen Bros an dem Gaëtane.
Di dräi Dëscher sinn no hirem éischte Spill op en zweet iwwer gaangen: vun Istanbul op Roum am Pecunia non olet , vun Yspahan an d'USA mat The Boss , a vu Japan op ... jo, wou eigentlech? D'Spill war op alle Fall Entdecker .

07.01.2016
Fir deen éischte Spillowend am neie Joer (no enger Paus vun dräi Wochen) ze feieren, ass et haut gratis Gedrénks ginn. Et waren och eng gutt Partie Leit do.
An eisem Raumschlacht-Sall war natierlech erëm eis Star Wars: X-Wing Miniatures Game -Fraktioun präsent. De Roland B., de Marc F., den Yves S., an den Thierry hunn erëm hier Maschinnerie an de Weltraum geschéckt.
De Presi, de Rol, de Guy P., de Philippe, an de Giorgio sinn an d'schottesch Highlands mat Glen More gaangen. De Rodrigo huet säin Dësch (Sophie M. mat hirer Frëndin, Christiane S., an Dennis) mat an de Ticket to Ride: United Kingdom geholl fir do di nei Kaart vun Zug um Zug: Europa ze spillen. Si sinn herno op dem Dennis seng Kingdom Builder -Kollektioun iwwergaangen.
Den Dennis huet um Ufank Multitasking gemaach a parallel mam Gaëtane a Max Packeis am Pol gespillt.
Dee leschten Dësch war mam Alain, Chrëscht, Pierre, a Guy R. besat. Hei gouf et Cacao a COGZ . Dono ass de Max fir de Chrëscht agesprong fir Las Vegas a 6 Nimmt! An zum Schluss koumen de Presi an de Rol nach derbäi fir eng lescht King of New York .