30.10.2015
Haut war erëm Halloween-Special an der Spillfabrik. D'Famill Theisen hat den zweete Sall schéi gerëscht a mat spooky Musik versinn.
Manner spooky wéi d'lescht Joer waren dës Kéier d'Spiller selwer. Den Yves E. hat Krosmaster Quest matbruecht a bis Hallefnuecht den Alain, Ben, an Yves S. duerch d'Géigend gescheucht. En anert epescht Spill gouf et am éischte Sall, wou de Marc S. den neien Im Wandel der Zeitalter matbruecht hat an dat zesumme mam Sandra, CHristiane, a Roland gespillt huet. Dës Partie ass leider aus Zäitmangel um Hallefnuecht ofgebrach ginn.
Den Dennis war als eenzege verkleed, an eise Graf Zahl hat Mysterium a Las Vegas samt
Las Vegas Boulevard am Gepäck. De Max hat Black Hat vun Essen matbruecht. De Rodrigo an d'Sophie M. hu gäre matgespillt.
Am éischte Sall koum nach Abluxxen , Port Royal , Bluff , Café International an Zug um Zug: Europa un den Tur, ier et no Hallefnuecht zwou kollektiv Partien Die Werwölfe von Düsterwald gouf. Dës Kéier huet de Marc moderéiert. Di éischt Parti goung un d'Duerf, vläicht well d'Wëllef duerch eng Hex mat Identitéitsproblemer duerchernee gemaach goufen. Dat hu si dunn awer an der zweeter Partie a mi klengem Krees erëm erausgerappt.

01.10.2015
Uechter d'Weltgeschicht sinn haut den Alain, Pierre, Max, Lol, a Christiane geszunn: fir d'éischt op Istanbul
, dann an d'Banannerepublik vum Junta: Viva El Presidente!
, an zum Schluss ganz Europa am Zug um Zug: Europa
.
De Presi huet och emol rem eng Kéier matgespillt. Hien huet fir d'éischt mam Roland sech am Babel duelléiert, an ass da kuerzzäiteg um Kontramitt-Dësch agesprongen.
De Jean-Claude huet mam Nathalie mat Packeis am Pol ugefaangen. Dono ass hie mam Roland, Gaëtane, a Claude H. Cacao uplanze gaangen, während d'Nathalie sech bei den Thomas an d'Tanja gesat huet fir Superhelden am Legendary: A Marvel Deckbuilding Game (inklusiv Legendary: Guardians of the Galaxy ) ze steieren.
Als Ofschloss huet de Marc nach mam Roland, Gaëtane, a Claude H. San Juan gespillt.

25.09.2015
Den Owend goufen ënner anerem zwee zimmlech komplex Spiller gespillt: Den Dennis hat Russian Railroads
matbruecht a war domat dee ganzen Owend beschäftegt, zesumme mam Mela, Pierre, a Lynn. Op der anerer Säit hat den Alain säin Terra Mystica
(mat Terra Mystica: Feuer & Eis
) opgeriicht an do zesumme mam Guy R., Christiane, Marc S., a Roland gesiedelt.
De Jean-Claude hat e Prototyp matbruecht an dee mam Lex a Claude R. an enger Koppel gespillt (sorry, mee den Numm weess ech net). Dono si si op de Machi Koro iwwer gaangen.
Am zweete Sall haten de Marc F. an den Yves S. eng Raumschlacht am Star Wars: X-Wing Miniatures Game , an de Max an de Christian L. hu sech am Five Tribes duelléiert.
Méi spéit um Owend ass den Terra Mystica -Dësch op Zug um Zug: Europa op der Ticket to Ride: Nederland -Kaart geswitcht. D'Koppel ass op Cacao iwwer gaangen, eis Raumkämpfer op Reliques & Co , an dem J-C säi Prototyp krut een zweeten Asaz.

17.09.2015
Et ass scho bal Traditioun: Kuerz virun Essen bréngt de Chrëscht d'Neiheeten aus dem Haus Ravensburger mat, fir se eis z'erklären an ze testen. Den Alain, Guy R., Guy T., an d'Jeia ware séng Cobayen. Als éischt koum Star Wars: Die Grosse Würfelrebellion
, wat am Fong relativ vill mat Engel & Bengel
gemeinsam huet, awer net esou spannend oder gehässeg ass. Dono koum Broom Service
, wat erëm eng Neioplag vu Wie verhext!
ass. Och hei war d'Impressioun dass den Original besser ass. Zum Schluss gouf et Stichling
, e Streechspill woubäi den Alain dee leschten Drëttel komplett zoufälleg gespillt huet an domat d'Jeia op d'Palm gedriwwen huet.
Um Dësch niewendrun hat de Max fir d'éischt mat The Game solo gespillt, ier en zesumme mam Dennis, Pierre, a Gaëtane ee vu Carcassonne inspiréierte Prototyp getest huet. Di uschléissend Junta: Viva El Presidente! -Partie ass net zustane komm, dofir gouf du mat Las Vegas ofgeschloss ginn.
Um drëtten Dësch souzen de Phil, d'Nathalie, de Marc S., an de Roland. Si hate mat Exploding Kittens ugefaang (komplett mat miauender Këscht), a sinn dunn op Machi Koro a Can't Stop iwwer gaangen.

10.09.2015
Nodeems en et fir déi gefillte 36. Kéier matbruecht huet, ass dem Dennis säin Armadöra
haut endlech gespillt ginn, zesumme mam Sandra, Rodrigo, a Marc S. D'Gaëtane ass herno dobäigestouss, nodeems den Dennis sech mam Max an den 2. Sall verzunn huet. Bei dësem Grupp koum nach Strike
a Why First?
un d'Rei.
Um aneren Dësch sinn den Alain, Guy R., Pierre, an d'Jeia an Ägypte gefuer, op Egizia . Als Ofschloss gouf et hei Seventh Hero .

03.09.2015
Minimalbesetzung haut um Biergerdag: Nëmme sechs Leit hunn de Wee an d'Fabrik fonnt. Den Alain, Guy R., Pierre, an d'Christiane hu sech un Die Tore der Welt
getraut. De Max an d'Gaëtane hu sech en Duell am Las Vegas
geliwwert.
Zum Schluss gouf et eng 6er-Partie Dog , woubäi den Team Max-Gaëtane souverän gewonnen hunn.