28.08.2026

Placeholder

20.08.2026

Placeholder

13.08.2026

Placeholder

06.08.2026

Placeholder

31.07.2026

Placeholder

23.07.2026

Während de Steve B., de Rodrigo, de Sebastiaan, an eng nei Spillerin de ganzen Owend mat SETI verbruecht hunn, koume beim Gerry, Caroline, a Sebastian direkt dräi Spiller op den Dësch: Shallow Sea , Let's Go! To Japan , a Scout .
An den Alain, de Steve H., den Eric, an d'Christiane K. hu Wundersame Wesen ugelackelt, a sinn dono opIm Wandel der Zeiten: Das Würfelspiel - Bronzezeit iwwer gaang.

16.07.2026

De Marco T., d'Sandra, d'Christiane K., de Sebastian, de John, an de Steve B. hu sech ronderëm de Magical Athlete gesat. Dono goung et mat 7 Wonders: Architects weider. Beim Alain, Jessica, Christiane S., a Rodrigo huet et mat enger Endeavor: Eaux profondes ugefaang, déi de Rofrigo haushéich gewonnen huet. Dono ass et mat Wildwuchs méi an d'Natur gaang.
D'Rachel, den Tom, den Dennis, an den Eric hunn de ganzen Owend Ein Fest für Odin preparéiert, mat Ein Fest für Odin: Die Norweger dobäi.
De Presi, säi Lara, de Sebastiaan, an d'Aline hu Cities a Cubitos op den Dësch bruet an eng nei Koppel, déi méi spéit era koum, huet sech un den Distilled gewot.

11.07.2026 – Viva-Vakanz

Bei guddem waarme Wieder hu mer déi dësjähreg Editioun vum Viva Vakanz gespillt. Um Programm stounge moies Akropolis a Mycelia , a mëttes Cities a Caldera Park . Mir hate 15 Participanten, an de Ben L. war dës Kéier dee Beschte vun eis.
Ee Grupp huet den Dag nach mat Let's Go! To Japan ausklénge looss.

02.07.2026

Den Alain, d'Rachel an den Tom hu mat New Frontiers ugefaang, an déi Partie war méi séier eriwwer wéi ee géif mengen. Dofir ass et do mat Dice Forge an After Us weider gaang.
De Christian L., d'Aline, d'Carole, de Lex, d'Christiane K., an de Sebastiaan hu sech erëm gesicht am Mind MGMT . A well ee sech besser mat enger Kaart erëmfënnt, si si herno op Der Kartograph iwwer gaang.
Beim Cathia, Lara S., Jessica, an engem véierte Spiller ass Harmonies a Skyjo gespillt ginn.
An de Presi huet mam Lynn an dem Rodrigo, deen no laange Joere mol rëm de Wee an d'Fabrik fonnt huet, Wettlauf nach El Dorado , Rebirth , an YRO gespillt.
lu