17.12.2015
Un dësem leschte Spillowend fir d'Joer 2015 sinn nach eng Kéier richteg vill Leit komm.
An eisem zweete Sall, dee mer scho bal kënnen eise "Raumschlacht-Sall" nenne kënnen, hunn de Marc F., d'Yvesen S. an E., an den Thierry am Star Wars: X-Wing Miniatures Game erëm Asteroiden emschëfft a Laseren ofgefeiert.
Niewendru souzen den Dennis, d'Sophie M. mat enger Frëndin, de Marc S. an de Phil. Wat genau se gespillt hunn, hunn ech net matkritt, mee zum Schluss gouf et do op alle Fall emol Wizard .
Am éischte Sall huet den Alain dem Guy R., dem Michelle, an dem Max Russian Railroads erklärt. Hei ass de Max eis mat de Punkte fortgelaf. Dono ass de Max heem gaangen, an de Guy huet d'Wizard -Equipe verstäerkt, sou dass den Alain an d'Michelle sech am Duell im Felsental an am Fungi probéiert hunn.
Zug um Zug: Europa gouf et op engem aneren Dësch, mam Rol, dem Julie, dem Pierre, an dem Mike. D'Christiane huet dunn de Rol ersat fir Dog an Engel & Bengel , iwwerdeems de Rol och bei de Wizard gestouss ass.
Um leschten Dësch souzen d'Theisen Bros mam Lara, dem Aldo, an dem Gaëtane fir Zooloretto a Port Royal . Als Ofschloss huet den Aldo dem Marc Colt Express an enger 2-Spiller-Partie erklärt.
Well d'Feierdeeg ongënschteg falen, ginn et bis de 7.1.2016 keng Spillowender méi. D'Spillfabrik wënscht iech alleguer schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch!

10.12.2015
Nodeems en et schonn e puer mol matbruecht hat, konnt den Dennis haut säi Winter der Toten
spillen, zesumme mam Marc S., Rol, a Lol.
Et koumen och zwou Fraen, déi um RTL vun eis héieren haten, d'Marianne an d'Christiane. Si hunn zesumme mam Pierre an dem Alain Five Tribes , Word on the Street , Qwirkle , an Die Siedler von Catan: Das Würfelspiel probéiert.
De Brudder Guy huet sech och mol rëm gewisen. D'Theisen Bros hu fir d'éischt mat San Juan ugefaangen, a sinn da mam Max an dem Rodrigo op Dominion mat Dominion: Seaside iwwer gaangen. Als Absacker gouf et dunn hei Im Wandel der Zeiten: Das Würfelspiel - Bronzezeit .

03.12.2015
Haut den Owend koum d'Mme Müller vun RTL laanscht fir mat eise Spiller an Designeren ze schwätzen. D'Lienë vun den Interviewe fannt dir wéi ëmmer op eiser Mediesäit.
De Rodrigo hat Madame Ching dobäi, an hien huet zesumme mam Sophie M., dem "Garfield" an dem Aldo (en neit Gesiicht, häerzlech wëllkomm) gespillt. Herno si si op den Dominion iwwer gaangen.
De Max, de Rol, de Marc S., an de Guy (e Kolleg vum Rol, dee schonn d'lescht Woch do war), sinn ënnert d'Artiste gaangen am Fresko . Dono ass Im Wandel der Zeiten: Das Würfelspiel - Bronzezeit op den Dësch komm.
Den Alain war länger Zäit beschäftegt d'Spiller zréck ze raumen déi um Second-Hand-Stand beim Playgirls & Gameboys net verkaaft goufen. Wéi dat fäerdeg war, huet hie mam Guy R. ee Stone Age -Duell ausgedroen. Dono ass d'Christiane (dem anere Guy séng Frëndin) derbäi komm fir eng Pandemic: The Cure , déi leider grandios an d'Box gaangen ass.
De Club huet och nei Spiller: Simsala... Bumm? , Russian Railroads , Colt Express , Auf den Spuren von Marco Polo , an den Insekten Hotel aus der Fieder vum Chrëscht an Dennis.

27.11.2015
Total spacy ass et den Owend am zweete Sall viru sech gaangen: Scho bal traditionell ass eng grouss Star Wars: X-Wing Miniatures Game
-Raumschlacht, woubäi de Marc F., de Roland B., an déi zwee Yvesen d'Michelle an hir Welt invitéiert hunn.
Um Dësch niewendrun hat den Dennis Eclipse opgeriicht. Hei huet d'Universum aus Hexfelder bestanen, an de Guy R., de Rodrigo, an de Max hu monter eXploréiert, eXpandéiert, eXploitéiert, an eXterminéiert.
Am éischte Sall waren och zwou Gruppen, déi awer all Kéiers just een Dësch gebraucht hunn. De Lex war mat sengen Elteren, mam Alain a mam Sandra beim Meltdown 2020 an Zug um Zug: Europa dobäi. Dono gouf et Mars Würfel als Absacker. Den zweete Grupp war mam Pierre, Rol, an dräi Aarbechtskollege vum Rol besat a war d'Plaz vun enger zolitter Caylus -Partie.
De Presi koum spéit nach eran, a war nach fir eng Partie Favor of the Pharaoh mam Alain a Rol ze kréien.

21.11.2015 – Playgirls & Gameboys
Haut de Mëtte war et esou wäit: um neie Site vun de Rotondes huet d'Spillfabrik sech virgestallt a Spiller erklärt. De Jean-Claude, den Dennis, an de Chrëscht hunn och hir eege Spiller explizéiert a verkaf. De Lol huet di ganz Zäit de Second-Hand-Stand bemannt, an et goufe vill Spiller ënnert d'Leit bruecht.
Et hunn och eng ganz Partie Membere sech bereet erklärt, fir ze hëllefen erklären an op- an ofriichten. D'Dëscher ware ganz gutt besicht an den Dag war e groussen Erfolleg.
Vum Kommitee aus e grousse Merci un eis Fräiwëlleg!

19.11.2015
Den Owend gouf et grousse Kino: De Marc huet als Darth Presi den Alain, Guy R., Marc S., a Rol am Star Wars: Imperial Assault
konfrontéiert. An dëser Finale vun der Campagne goung et em d'Ganzt. Leider war den Darth Vader ze staark, an d'Rebellen hu sech misse geschloe ginn.
An der Tëschenzäit huet de Jean-Claude Spiller geübt, déi mer Samschdes um Playgirls and Gameboys wollte weisen: Ënner anerem The Game , Celestia , an d'XXL-Versioun vum Yay! koumen hei zum Asaz. D'Emma, de Max, d'Jeia, d'Gaëtane, d'Christiane, an eng Studentin hunn him hei gehollef.
Ausserdem hu mer dem Jean-Claude seng Camionette pickepackevoll mat Spiller gepakt fir um Second-Hand-Stand ze verkafen.

12.11.2015
Haut den Owend war eng charmant Madame vum Essentiel bei eis an huet verschiddene vun eise Membere Froe gestallt. Merci un d'Sophie M., den Dennis, an all aner Memberen déi hir Ried an Äntwert gestanen hunn.
Den Alain hat dem Friedemann Friese säi Frankenstein-Monsterspill 504 matbruecht. Di Kombinatioun "314" ass awer net esou famous beum Rodrigo, Christiane, a Jeia ukomm. Hoffentlech sinn aner Moduler besser. Mam King of New York ass hei ofgeschloss ginn, wou d'Jeia knapp gewanne konnt.
D'Sophie M., de Pierre, de "Garfield", an de Ben hunn de Klassiker Dominion gezockt, a mat Kaarten ass et och op deem Dësch weider gaangen, nämlech mat Smash Up .
Den Dennis huet RoboRama der Madame vum Essentiel an och e puer Memberen demonstréiert.
An op deem leschten Dësch souzen de Guy R., de Roland, de Marc S., an de Max fir Thurn und Taxis an Im Wandel der Zeiten: Das Würfelspiel - Bronzezeit .

05.11.2015
Haut goufen et véier Gruppen an der Fabrik, déi de ganzen Owend komplett ënnert sech bloufen.
Den Alain hat zwee nei Spiller vun Essen matrbuecht: Favor of the Pharaoh an Innovation . Bei deem éischten huet d'Sandra souverän geint d'Michelle an den Alain gewonnen. Bei deem zweete koum de Claude H. dobäi, war awer och dem Michelle ënnerleeën. Beim ofschléissende Pandemic: The Cure huet wéinstend jiddweree gewonnen.
Niewendru souzen den Thomas, d'Tanja, an de Ben fir eng Burgenland , an als Ofsacker de Why First? .
Um drëtten Dësch hat den Yves säi Reliques & Co nees dobäi, an de Yannick hat den Elysium am Gepäck. Hir Kontrahente waren den Dennis an d'Jeia.
A finalement war um leschten Dësch eng Familljespill-Atmosphär; hei souzen de Marc S. mat senger Duechter, de Roland, de Pierre, an d'Christiane fir Las Vegas an Zug um Zug: Europa .