30.12.2016
Op dësem Fräi-Nuecht-Spillowend kuerz viru Sylvester ass d'Bud nach eng Kéier richteg voll ginn, mat enger gudder Partie Neizougäng.
Den Alain, de Guy R., de Rol, an d'Michell hunn hir Pandemic Legacy: Season 1 -Kampagne fortgesat. No dräi Szenarien war es dunn dees Gudde genuch, an et ass mat Love Letter weider gefuer ginn (wat de Rol erstaunlecherweis nach net gespillt hat). Nodeems d'Michelle heem gefuer ass, hunn di aner dräi mat Imhotep a Garbage Day den Owend ausklénge looss.
Duerch déi intensiv Pandemic Legacy: Season 1 -Partië hunn ech net alles matkritt, wat soss gelaf ass, sou datt ech op dëser Plaz dem Yves S. d'Wuert iwwerloossen:
"Um Dësch nieft dem Staminet am éischte Sall huet den Yves S. dem Laurian, dem Frinn an dem Gwen bäibruecht, wéi een Ninja Dice a Koryŏ spillt. Anschliessend gouf et eng Partie Ninja Dice tëschend dem Yves S. an der Famill Lucius.
Den zweete Sall war och gutt gefëllt. De Christian L., séng zwee Bouwen an de Marc F. hunn eng Star Wars: X-Wing Miniatures Game am Battle Royale-Format gemaach. Niewendrun huet den Yves E. mam Jeff K. Tanks: Panther vs. Sherman gespillt. (Den Thierry K. ass nëmme Moie soe komm.)
Op engem drëtten Dësch souzen de Rodrigo, d'Sophie, de John, asw. bei Captain Sonar an Deception: Murder in Hong Kong . Géint Hallefnuecht hunn de Steve B., d'Violeta, de Rodrigo an d'Sophie Zooloretto gespillt."
Merci, Yves! Ze ergänzen ass hei nach een Dësch am éischte Sall, wou noeneen Legends , Kingdom Builder , Mississippi Queen , Abluxxen , an Strike gespillt ginn ass.

22.12.2016
Den Alain, Guy R., Marc S., de Rol, an d'Julie hunn haut den iPad ausgepaakt fir eng Mansions of Madness: Second Edition
ze maachen. Et ass alles zimmlech riicht aus gaangen, just de Marc hat Pech mat senger Gewënnkonditioun.
Den Yves S. souz mam Pierre, dem Lynn, an dem Matthias zesumme fir Café International . D'Christiane K. an de Karim hu mat Insekten Hotel ugefaangen.
Du koum de Brudder Guy eran an huet sech mam Pierre bei d'Christiane an de Karim gesat fir e puer Partië Pandemie , iwwerdeems den Yves mat der Koppel Koryŏ a The Game gespillt huet.
De Guy P., de Steve, d'Violeta, de Paul, an d'Michelle hu sech u Scythe gewot.

15.12.2016
D'Christiane S. war haut experimentéierfreedeg an huet Im Jahr des Drachen
aus dem Schaf geholl. Nodeems se de Stëbs vu véier Joer ewechgeblosen hunn, konnten den Alain, de Guy R., de Rol, an de John matspillen.
D'Jacqui an de Mads koumen haut fir d'éischt an de Club; de Steve an d'Violeta hu si gären an dräi Standardwierker vum moderne Brietspill ageweit: Stone Age , Kingdom Builder , a Qwirkle . Och den Eugène war haut fir d'éischt do, an hiet huet mat sengem Kolleg Guy P. Cacao a Cappuccino gedronk, ëëh, gespillt.
Wéi spéit owes de Lex B. era koum, huet den Alain hien am 7 Wonders: Duel an Doodle City duelléiert, iwwerdeems de Guy R., d'Christiane, an de Rol
mat Ascension: Sturm der Seelen ofgeschloss hunn.

10.12.2016 – Geocache-Event
Haut war eise 6. GeoCache-Spillowend. Nieft 8 reguläre Membere koum eng Parte GeoCacher mat hire Famillen a Kanner, sou dass mer insgesamt eng 20 Spiller haten.
Den Alain hat säi Kingsburg matbruecht, an dat mat de Cacheren Nico an Ed gespillt. Dono ass et op zwou Partië Keltis: Der Weg der Steine iwwer gaangen.
Den Dennis hat erëm säi Conan derbäi, an och do ass et em net gelonge géint de Chrëscht, Lol, a Philippe M. ze gewannen. Stone Age gouf et beim Brudder Guy, Tom, an Tanja.
Eis Cacheren an hir Kanner hu sech mat Villa Paletti , Niagara , Carcassonne Mayflower , Kingdomino , Das verrückte Labyrinth , Dog , Tales & Games: The Hare & the Tortoise , a Looping Louie ameséiert.
De Lol huet zum Schluss nach dem Alain Fabelsaft erklärt an do goufen 3 Partië gespillt.

08.12.2016
Och haut waren extrem wéineg Leit do. Ee 6-Spiller-Dësch mat Scoville
hat quasi eis ganz Belegschaft vun haut: Alain, Rol, Marc S., Pierre, Christiane K., a Guy P. De John huet laang missen op Matspillere waarden, mee de Presi an de Lex B. koumen eran, an du konnte si nach Medina
an Abluxxen
spillen.
01.12.2016 – Pegasus-Spieleclubtage
Haut war nees Pegasus ugesot, a mir soe Merci fir di nei Spiller. En plus konnte mer haut en neie Visiteur begréissen. De Lex B. huet sech dunn och mam Guy R., Rol, a Pierre bei de Jórvík
gesat.
Den Alain huet mam John a Marc S. mat Kingdomino ugefaangen, a wéi den Dennis bäi komm ass, gouf Im Wandel der Zeiten: Das Kartenspiel gespillt.
De Lol an de Philippe hunn och mat Kingdomino ugefaang an hunn dunn Brave Rats getest.
Den Dennis huet dunn Conan ausgepaakt an ass géint de Lol, Philippe, a John ugetrueden. Den Alain, Lex, Rol, Pierre, a Guy R. hu mat Simsala... Bumm? a Las Vegas enchaînéiert.

26.11.2016 – Playgirls & Gameboys
Dës Editioun vum Playgirls & Gameboys huet genau wéi d'Lescht Joer an de Rotondë statt fonnt. Nieft dem CAPEL war natierlech och d'Spillfabrik op der Plaz.
Eis Präsenz huet grosso modo aus dräi Deeler bestanen. Zum engen hate mer fënnef Dëscher op deene mer modern Erwuessespiller gewisen an erklärt hunn. Dat waren Isle of Skye , 7 Wonders , Istanbul , Imhotep , a Colt Express . De Presi, de Rodrigo, d'Sophie M., an den Alain waren hei d'Erklärbären.
Zum zweeten hunn den Dennis, de Chrëscht, an de Jean-Claude déi Spiller virgestallt déi si an der leschter Zäit publizéiert hunn: Make 'n' Break Architect , Specific , Flip Hop , Multicity , an Insekten Hotel .
Last but not least hate mer eise Second-Hand-Shop, wou honnerte vu Spiller zum Kaf stoungen. De Lol, de Philippe M., an de Rol hunn hei äifreg gehollef, sou datt dat e vollen Erfolleg ginn ass.
Mir soe jiddwerengem villmols Merci fir di wertvoll Hëllef!

25.11.2016
Den Alain huet haut endlech mam Guy R., Michelle, a Rol d'Pandemic Legacy: Season 1
-Kampagn ugefaangen. No 2 gewonnen an 2 verluerenen Szenarien ass d'Kampagn ënnerbrach ginn a mat Flinke Feger
a Yay!
enchaînéiert ginn.
De Presi souz mam Mela, Steve, a Violeta beim Isle of Skye (getest fir den Gameboys & Playgirls), Glüx , an Tzolk'in: Le calendrier Maya .
D'Christiane S. hat Le siècle d'or derbäi fir mam John a mam Sandra ze spillen.
De Guy P. an d'Christiane H. hu mat Die Legenden von Andor ugefaangen. Spéider koumen d'Christiane S. an de John an d'Nickie mat bäi fir Dog , a si hunn dono alleng mat Machi Koro opgehal.
Kingdomino an gouf et beim Christiane a Karim K. an dem Mike.
An den Yves E., de Marc F., an de Jeff waren am zweete Sall mat Star Wars: X-Wing Miniatures Game an Tanks: Panther vs. Sherman beschäftegt.

17.11.2016
De Marc S. hat haut eng Essen-Acquisitioun derbäi: In the Name of Odin
. Obwuel et hei eng Partie Miniaturen derbäi ginn, ass et awer en zimmlech Standard-Eurogame. Am Uschloss gouf et dem Alain säi Legendary Showdown: Gamer's Quest
, ee Kickstarter-Kaartespill.
Den Georgio hat erëm eng Anleitung matbruecht, dës Kéier fir de Russian Railroads , fir dat mam Phillippe B., dem Guy P., an dem John ze spillen.
De Presi huet sech schliisslech mam Pierre un en Dësch gesat fir Istanbul a Funkenschlag op der USA-Kaart.

10.11.2016
Eis Star Wars: Imperial Assault
-Equipe (Alain, Guy R., Rol, Marc S., a Marc T.) hunn haut hir Mini-Campagne ofgeschloss. De Rol konnt och hei säi Virdeel verteidegen, sou dass hien d'Campagne gewonnen huet.
De Lol huet ënner anerem Mein Traumhaus a Fabelsaft matbruecht gehat, an hien huet mam Christiane S. gespillt.
Ansonste gouf et nach Die Legenden von Andor mam Michelle an dräi Matspiller, déi ech vergiess hu mer ze notéieren 🙂.

03.11.2016
Den Alain hat seng Essen-Acquisitioun Brügge
mat der Expansioun Brügge: Die Stadt am Zwin
matbruecht. Hien huet mam Christiane S. an dem Steve gespillt, an et war relativ séier kloer, dass dës Partie un de Steve géing goen. Am Uschloss gouf der Fabrik hiren Ascension: Sturm der Seelen
probéiert; hei hat d'Christiane zum Schluss di meeschte Punkten.
De Rodrigo an d'Sophie M. hu mat enger befrëndeter Koppel gespillt. Hei koumen d'Sammler-Editioun vum Tokaido an den Imhotep op den Dësch.
Den Yves S. hat Ninja Dice matbruecht an dat mam Guy P. a Michelle gespillt. De Pierre koum herno derbäi fir eng Bohnanza . Bei béide Spiller konnt d'Michelle am leschte Tur d'Partie fir sech entscheeden.
Am zweete Sall war erëm Star Wars: X-Wing Miniatures Game ugesot; hei hunn de Presi, den Yves E., de Christian L. an de Mike gekämpft. Op engem aneren Dësch war d'Schluecht méi terre à terre: beim Tanks: Panther vs. Sherman hunn de Jeff, de Philippe L. an de Marc F. sech mat Panzere bekricht.