28.04.2017
Op dëser fräier Nuecht waren e puer manner Leit präsent ewéi soss, wat wahrscheinlech um laange Weekend louch. Och de Presi mat senger Famill waren net do.
Di meeschte verschidde Spiller un dësem Owend haten den Alain, Guy R., Rol, Michelle, a Marc S. gespillt: No enger Partie Cuba mat Cuba: El Presidente an enger Legendary Showdown: Gamer's Quest ass de Marc S. heem gefuer. Dono goung et weider mat zwee Filleren: Mars Würfel a Santo Domingo .
Um Dësch niewendru souzen d'Christianen S. an H., de Guy P., de Lex, an de Jérôme bal de ganzen Owend beim Lewis & Clark . Hei goung et nom Jérôme sengem Départ mat King of New York weider.
De Steve an d'Violeta ware just fir een Duell am Berserk: War of the Realms era komm.
An am zweete Sall war erëm Star Wars: X-Wing Miniatures Game ugesot, dës Kéier mat ënner anerem Marc F., Christian L., Ben L., a John.

20.04.2017 – Pegasus-Spieleclubtage
D'Pegasus-Spieleclubtage hu mer ëmmer gären, a mir soen och dës Kéier villmools Merci fir di nei Spiller.
Dës Kéier goufen et virun allem Filleren a relativ einfach Familljespiller. Souwuel de Santo Domingo wéi och de Mein Traumhaus , Sheep & Thief , a Frogriders sinn alles Spiller mat wéineg Regelen an an enger halwer Stonn duerchgespillt.
Niewent deenen neie Spiller gouf et awer och deelweis richteg Klassiker den Owend. Beim Christian L. senger Famill gouf et nach Im Wandel der Zeiten: Das Würfelspiel - Bronzezeit a Love Letter (béides och vu Pegasus). Beim Steve, Violeta, Lol, Philippe, a Sandra gouf am Funkenschlag Nordeuropa (Funkenschlag: Nordeuropa/United Kingdom & Irland ) mat Stroum versuergt.
Beim Alain, Guy R., Yves S., Marc S., a Rol ass et op de Bärreg mat K2 gaangen. An den Dennis hat am Sall niewendru mat ënner anerme dem Samy, dem Rodrigo, an dem Sophie M. eng 6-Spiller Partie Die Siedler von Catan lafen.

13.04.2017
Ugefaangen huet den Owend mat enger Partie Mystic Vale
tëscht dem Gerry, Christiane S., Michelle, an Alain. Do derniewt huet de Presi de Louis XIV
, deen e schonn iwer zéng Joer am Schaf leien hat an elo mol endlech ausgepöppelt huet, mam Guy P., Sandra, an engem weidere Spiller probéiert.
D'Paule an d'Christiane waren och erakomm an hu sech fir d'éischt am Keltis: Der Weg der Steine duelléiert. Dono ass den Alain bei si gestouss fir de Legends , Strike , a Love Letter . Iwwerdeems hunn de Gerry, d'Christiane S., an d'Michelle mat Machi Koro a Port Royal enchaînéiert. Dem Presi säi Grupp huet mat Kingdomino , Zack & Pack , a Bluff weider gefuer.
De Christian L. war och mam Ben do, a si hunn noeneen Mars Würfel , Can't Stop , Raptor , a Brave Rats gezockt.
Eng grouss Partie Tanks: Panther vs. Sherman war beim Marc F. an Yves E. ugesot. An den Dennis hat de Rodrigo, d'Sophie M., de Samy, de Jérôme, an nach ee sechste Spiller fir eng Mega-Partie Hyperborea invitéiert.

06.04.2017
De Gerry huet sech haut erëm gewisen, an en huet sech iwwerriede looss, mam Alain, Guy R., a Christiane S. zwee Szenarien Arcadia Quest
ze spillen.
De Steve an d'Violeta haten och erëm Terraforming Mars derbäi, an zesumme mam Presi a Guy P. hu si de roude Planet koloniséiert. De Lol, de Philippe M., de Bob, an d'Michelle hunn Die Legenden von Andor gespillt.
Am Laf vum Owend koumen och nach eng Partie nei Leit eran, an de Brudder Guy huet sech hirer ugeholl. Si hunn zesummen Trans Europa , 7 Wonders , a Bluff gespillt.
Och am zweete Sall war vill lass. Merci un den Yves S. fir säi Bericht. Hien huet mat séngem Namensvetter Star Wars: X-Wing Miniatures Game gespillt. Star Wars: Destiny stoung beim Jeff a Lex um Programm.
De Rol, de Marc S., de Jérôme, an deem seng Frëndin ware mat Scythe beschäftegt, a finalement waren de Rodrigo, d'Sophie, an den Dennis mat Yamatai dee ganzen Owend amgaangen.

31.03.2017 – Generalversammlung
Haut war d'Generalversammlung vun dësem Joer, an et waren och erëm vill Leit do, fir deelzehuelen. D'Gaëtane huet sech aus dem Kommittee verabschid, an d'Sophie ass a seng Plaz getrueden.
Nom obligatoresche Patt ass et dunn och mat Spiller weider gaangen.
Den Alain, de Guy R., de Rol, an d'Michelle hunn endlech hir Pandemic Legacy: Season 1 -Campagne fäerdeg kritt. Di lescht Victoirë waren zwar net ganz koscher, mee et huet finalement awer vill Spaass gemaach. Mir freeën eis schonn op di zweet Season.
De Jean-Claude hat Unlock! dobäi, an den Dennis Escape Room: Das Spiel . Et ass awer och Scythe , Strike , King of New York a Star Wars: X-Wing Miniatures Game gespillt ginn. De kompletten Detail hunn ech zwar net matkritt (de Pandemic war zevill anspruchsvoll), mee et huet sech awer erëm jiddereen ameséiert, an dat ass jo d'Haaptsaach.

23.03.2017
Ee weidere Knizia-Klassiker koum den Owend beim Alain, Guy R., Rol, a Marc S. op den Dësch: Tadsch Mahal
. No dëser Partie ass et hei mat Dice City
weider gaangen.
De Steve huet säin neien Terraforming Mars matbruecht gehat an huet dee mam Guy P. a Guy T. probéiert. Dat war eng Affär fir dee ganzen Owend.
Selwecht war et beim Rodrigo sengem Yamatai . Och hei waren hien, d'Sophie M., an d'Christiane K. dee ganzen Owend mat dësem Spill am gaangen.

16.03.2017
D'Spillsäll vun der Fabrik ass elo definitiv "new and improved"! Di al Spillschoulschief sinn eraus, a mir hunn elo eng ganz Rei vu metalle Schief fir eis Schätz dran ze maachen. Et ass frësch ugestrach, an et ass elo richteg gemitterlech.
Dräi Gruppe krute mer haut zesummen. De Rodrigo an d'Sophie M hu mam Jérôme de ganzen Owend Stone Age gezockt.
De Georges war haut fir d'éischt do an huet mam Ben, Guy P., a Lex Der Palast von Alhambra gespillt. Nodeems de Georges an de Ben gaange sinn, huet de Presi eng Partie Meltdown 2020 mam Rescht gemaach.
Um drëtten Dësch souzen den Alain, d'Christiane S., de Rol, de Marc S., an de Guy R. Hei ass et mat Adel Verpflichtet lass gaangen. Dono koum de Brudder Guy kuerz era fir eng 7 Wonders mat 7 Wonders: Cities a 7 Wonders: Wonder Pack mat ze maachen. An zum Schluss hunn di éischt fënnef den Owend mat Ra op en Enn bruecht.

09.03.2017
Och dës Woch krute mer mat Ach und Krach zwou Gruppen zesummen. Den Alain hat säin neie Legendary: A Marvel Deckbuilding Game
mat der Legendary: Dark City
Expansioun derbäi. Leider waren hien, de Guy R., de Rol, an de Jérôme net erfollegräich an deenen dräi gespillten Szenarien.
Um zweeten Dësch souzen de Steve an d'Violeta fir d'éischt bei 7 Wonders: Duel , wat mat enger fulminanter Victoire fir d'Violeta opgehal huet. Dono koumen d'Theisen Bros derbäi fir eng Scythe .
Et sief nach z'ernimmen dass mer all am zweete Sall gespillt hunn, well den Haaptsall nach no Faarf gericht huet. Mee mir hunn och nei Schief kritt, an di al Spillschoulsschief si fort.

02.03.2017
Nom décke Betrib bei der leschter Fräi Nuecht ware mer haut dënn besicht. Just zwee Dëscher ware besat, plus eise Staminet, deen och just zu dräi war.
Op engem Dësch waren de Guy R., de John, d'Michelle, an den Alain mam Great Western Trail dee ganzen Owend beschäftegt. Op deem aneren Dësch souzen de Steve, d'Violeta, de Jérôme, an de Ben beim Kingdomino , an dono beim Funkenschlag op der UK/IRL-Kaart (Funkenschlag: Nordeuropa/United Kingdom & Irland ).