22.06.2017

Mir hunn haut eisen Negativrekord vum 31.5.2013 erreecht, wann och net ënnerbueden. Haut ware mer nämlech nëmmen zu véiert. Just den Alain, de Guy R., d'Sandra, an d'Christiane S. hunn op dësem immens waarme Virowend zum Nationalfeierdag de Wee an d'Fabrik fonnt.
Dofir sinn haut och nëmmen zwee Spiller gespillt ginn. Lass goung et mam Alain sengem Firenze wou di zwee Männer vun den Damme ganz kloer geklappt goufen. Dat zweet war den Dice City , wou iergendwéi jiddereen wollt op d'Militärschinn goen. Finalement hat den Alain hei di meeschte Punkten.
Nächst Woch ass fräi Nuecht - hoffe mer dass do méi Leit kommen.

17.06.2017 – Chill, Grill & Spill

Nodeems et di lescht Deeg sou waarm war, war et de Moie richteg kill wéi mer d'Grillplaz zu Rolléng besat hunn. Ee klenge Schockmoment: de Presi hat scho gemengt mir wären ze spéit, wéi en do virun 08:00 Autoen an Zelter gesinn huet stoen. Mee dat ware just eng Grupp Kollegen déi do e Gebuertsdag gefeiert haten an eis hier Kuelen a Geknabbers gelooss hunn. Merci!
Déck waarm ass et net ginn, mee ofgesi vun 3 Drëpsen an der Mëttesstonn war d'Wieder awer gutt. Mir haten insgesamt ëm di 30-40 Leit do, an et ass vill gelaacht a gespillt ginn.
Eis Ludothéik war och erëm ganz gemëscht. Dat éischt Spill vum Dag war eng 7er-Partie 7 Wonders mat 7 Wonders: Cities a 7 Wonders: Wonder Pack . Dono ass et gemëscht viru gaangen: Istanbul , Rialto , Machi Koro , Funkenschlag mat Benelux (Funkenschlag: Zentraleuropa/Benelux ), Auf den Spuren von Marco Polo , Legends , Kingdomino , Santiago de Cuba , Kahuna , a Mein Traumhaus waren eis typesch Gamer-Spiller.
Mir haten awer och einfach Saachen a Party-Spiller am Asaz wéi Captain Sonar , Bluff , Abluxxen , Codenames , Love Letter , an Strike .
Och d'Kanner hate genuch ze spillen an z'erforschen am Bësch, a mir freeën eis schonn op di nächst Editioun.

15.06.2017

De Marc S. hat haut säin neitste Kickstarter Gloom of Kilforth matbruecht. Zesumme mam Alain, Guy R., a Rol si si an d'Fantasy-Welt agetaucht fir do mat vill Wierfelgléck dee grousse Béise platt ze maachen. Dat huet dunn och dee ganzen Owend gedauert.
Um zweeten Dësch souz de Max mam Lol, Philippe, a Christiane K. Hei koume vill méi Spiller op den Dësch: lass gaangen ass et mat Istanbul , du koum King of Tokyo a Kingdomino , an den Ofschloss huet Dominion gebildt, mat den Expansiounen Dominion: Die Intrige a Dominion: Seaside .

08.06.2017

Groussen Hallo gouf et haut an der Spillfabrik: eisen éischten net-Kommitees-Member, de Max, ass zu Besuch an eisem Land, an en huet profitéiert fir da mol rëm an e "richtege" Spillclub ze kommen.
Mam Alain, Guy R., Rol, a Marc S. huet hien eng 5-er Partie Jórvík gemaach, déi extrem knapps vum Alain konnt gewonn ginn. Bei der Zug um Zug: Märklin -Partie dono war d'Victoire definitiv fir eise Visiteur aus Däitschland.
Richteg international goung et um Dësch niewendrun tëscht dem Thomas,
Tanja, Sandra, Philippe B., a Lex mat der englescher Versioun vu Winter der Toten . D'Diskussiounen do sinn op lëtzebuergesch, englesch a franséisch gefouert ginn; an och do war d'Partie serréiert.
De Jérôme an d'Magali ware just fir eng Partie UGO! era komm.
Am zweete Sall waren zwou Gruppen am gaangen: de John, de Lol, de Philippe M., an d'Christiane S. hu laang um Scythe gespillt, an den Yves S. huet als Dungeon Master beim Rollespill agéiert. De Christian L. mat senge Bouwen, den Thierry, an de Chrëscht (net dee vum Kommitee) ware seng PCs.

01.06.2017

Haut ass deen éischten Dësch fir dëst Joer op de Parking gesat ginn. Bei super Wieder hunn den Alain, Guy R., Marc S., Rol, an d'Christiane S. Roll for the Galaxy mat Roll for the Galaxy: Ambition gespillt an dobäi observéiert wéi gutt dass d'Chaufferen di rout Luut an der Strooss respektéieren.
Dono ass den Dësch erageholl ginn an et ass mat Zooloretto , Mein Traumhaus a Gold! weider gaangen.
Et koumen och nei Leit eran; de Presi, de Pierre, an de John hu mam Susi a mam Jos The Boss mat The Boss: 5-6 Player Expansion , Maka Bana , Bluff an Strike gespillt.
Am zweete Sall souzen den Dennis, de Samy, de Rodrigo, d'Sophie, de Frank, de Lex an de Jérôme. Hei ass Magic Maze , Sagrada an Tokaido gespillt ginn.
An de Brudder Guy huet sech mat
beschäftegt, mat dertëschent enger Love Letter mam Lara.

26.05.2017

War di déck Hëtzt de Grond firwat dass haut esou wéineg Leit fir eng fräi Nuecht do waren? Mir haten nëmmen 13 Spiller den Owend do; d'Christiane S. an de Marc F. waren zwar och kuerz do, hunn awer näischt gespillt.
Den Alain, Guy R., Rol, a Marc S. hu sech erëm un den Eldritch Horror getraut, mat allen Expansiounen. E puer geckeg Investigators mi spéit ware mer prett Forfait z'erklären. Bei enger kuerzer Parti Der Palast von Alhambra konnt wéinstens ee vun eis gewannen.
De John war mam Marianne do, a si hunn zu zwee Can't Stop a Quoridor gespillt.
Den Thomas an d'Tanja sinn och mol erëm era komm, a si hu mam Michelle a Sandra e puer onüblech Spiller gespillt: Niagara , La Isla , an dem Dennis a Jean-Claude hire What's Up .
An de Presi souz mam Steve a Violeta bei der englescher Versioun vum Im Wandel der Zeitalter . Hoffentlech si se virun Ubroch vum Moie fäerdeg ginn...

18.05.2017

Haut sinn eng ganz Partie zimmlech epesch Spiller gespillt ginn, déi dee betreffende Grupp dee ganzen Owend beschäftegt hunn.
De Marc S. hat dem Uwe Rosenberg säin Ein Fest für Odin matbruecht, an hien, de Guy R., den Alain, an de Pierre hu probéiert hier Terraine am effizientsten ze besetzen.
De Steve hat och erëm Terraforming Mars derbäi. Hien, d'Violeta, de Lol, de Philippe M., an d'Michelle sinn op dee roude Planéit gaangen.
Rokoko war am zweete Sall ugesot. De Rodrigo, d'Sophie M., den Dennis, de Samy, an de Michel sinn ënnert d'Schneidere gaangen.
Just beim véierte Grupp (Jérôme, Magali, Philippe B., John, Marc T.) ass et fir zwee Spiller duer gaangen. No enger K2 gouf mat enger kuerzer Bluff enchaînéiert.

11.05.2017

Mat Zich a mat Autoen ass haut gefuer ginn. Den Alain, Guy R., Rol, a Marc S. hu mat Russian Railroads ugefaangen, an et war bis zum Schluss eng spannend Partie ginn.
Niewendru souzen insgesamt aacht Leit ronderëm de Formule Dé . An enger Team-Partie ass hei um Zandvoort-Circuit eng Course gemaach ginn. Eis Pilote waren de Presi, de Guy P., d'Christianen H. a K., de John, de Philippe B., de Lex, an de Pierre.
Méi spéit huet deen éischte Grupp mat den Absackere Qwixx a Kingdomino ofgeschloss, an eis Formel-1-Coureuren hunn, a reduzéierter Zuel, Strike gespillt.

04.05.2017

Obwuel haut "May the Fourth" war, ass näischt mat Star Wars gespillt ginn. Éischter klassesch war et beim Guy T., Guy P., Christiane H., Christiane K., a Philippe B.: No enger Partie Mississippi Queen hu si am Funkenschlag de Benelux (Funkenschlag: Zentraleuropa/Benelux ) mat Stroum versuergt.
D'Christiane S., de John, de Lex, an nach ee véierte Spiller hunn e puer Partië RoboRama gemaach an du mat Machi Koro enchaînéiert.
Den Alain hat säi Kleopatra und die Baumeister derbäi; hien ass mam Guy R., Marc S., a Rol an Ägypte gaangen. Ascension: Sturm der Seelen an Dice City goufen dono gespillt.
Am zweete Sall souz den Dennis mam Patrick, Samy, an Anaïs beim Russian Railroads . D'Russian Railroads: German Railroads -Erweiterung louch och derbäi, ech si mer awer net sécher ob se zum Asaz koum.
lu