28.02.2020

De Lol souz mam Danielle, dem Melanie, an nach engem anere Spiller bei Die Quacksalber von Quedlinburg mat Die Quacksalber von Quedlinburg: Die Kräuterhexen , Memoarrr! , Love Letter Big Box , an Engel & Bengel .
Beim Presi, Marc S., Guy P., Nancy, a Mela war et eng epesch Terraforming Mars -Partie, wou nom Guy a Marc sengem Départ et mat The Mind weider gaangen ass.
Clank! In! Space! stoung beim Alain, Guy R., an de Christianen S. a K. um Programm. Hei goung et mat Rajas of the Ganges weider.
Eng auslänneschsproocheg Famill mat zwee Kanner ass och op Besuch komm. Bei hinnen ass Quoridor , King of Tokyo , a ganz vill Axio gespillt ginn.
Am zweete Sall ass Star Wars: X-Wing (Second Edition) gelaf mam Rol, John, Ben a Christian L.

20.02.2020

Den Dennis hat Tang Garden matbruecht dat hien op Kickstarter gebackt hat. Den Alain, de Lol, an d'Christiane S. hu matgespillt. D'Spill war schéin a ganz okay, mee de grafesche Layout war net ëmmer hëllefräich. Mat Diceland ass et hei op en Enn gaangen.
Wingspan , Teufelskreis , a Can't Stop ware beim Gerry, Nancy, Lex, a Monique um Dësch.
De Presi huet mam Sandra, Lara, a Joseph noeneen Wettlauf nach El Dorado , Memoarrr! , Las Vegas a Love Letter Big Box gespillt.
D'Lynn an d'Annika hunn um Dschungelbuch-Deel vun eisem 40000-Stécker-Puzzle geschafft.
An d'Star Wars: X-Wing (Second Edition) er waren haut zu vill: den Yves S., de Roland B., de Marc F., de John, de Ben, de Christian L., den Andy L., an d'Peggy K.

13.02.2020

Den Alain, de Guy P., d'Michelle, den Andy, an d'Christiane S. hunn de Shogun getest. Dëst ass scho méi en epescht Spill, wat dann och de ganzen Owend gedauert huet.
De Lol huet Die Tavernen im Tiefen Thal matbruecht an huet mam Philippe, Tom, a Monique gespillt.
Beim Dennis, Chrëscht, Merle, a Gerry ass fir d'éischt Into the Black Forest gespillt ginn, an dono ass e Prototyp getest ginn.
De Marc F., de John, de Ben an de Christian L. waren erëm an hiren Star Wars: X-Wing (Second Edition) -Raumschëffer ënnerwee.
A beim Nancy, Christiane K., David, Diane, a Sophie waren Draftosaurus , Subtext , The Mind , a 6 Nimmt! um Programm.

31.01.2020

Während de Marc F., de Rol, de John, de Ben an de Christian L. sech erëm am Star Wars: X-Wing (Second Edition) bekricht hunn, waren et am éischte Sall zwou Gruppen déi sech gebilt hunn.
Beim Alain, Mela, an de Christianen S. a K. war et éischter klassesch mat de Spiller Kingsburg an Thurn und Taxis .
Beim Gerry, Nancy, Monique, an de Guyen R. an T. ware méi modern Saachen am Asaz: Parade , Blue Lagoon , Mamma Mia! , a Minute Realms sinn hei gespillt ginn.
Zum Schluss gouf et nach eng "Männlein géint Weiblein" Partie am Codenames: Images .

23.01.2020

Den Alain hat haut Loscht op eng Takenoko , a well eis Collector's Edition sou grouss ass, ass hie mam Chrëscht, dem Rol, an dem Guy P. an den zweete Sall gaangen an do gouf dann op zwee Dëscher gespillt. Dono goung et weider mat Die Quacksalber von Quedlinburg plus Die Quacksalber von Quedlinburg: Die Kräuterhexen , an hei hat de Chrëscht séier ee Virsprong deen net méi anzehuele war.
Am éischte Sall war et nawell relativ voll. De Presi huet d'Christiane S., de John, d'Nancy, an zwee nei Memberen, den Daniel an d'Diane, an den Trans Europa agefouert. Dono ass mat Engel & Bengel viru gefuer ginn. Nom Départ vun der neier Koppel gouf et nach eng Partie Chakra .
De Gerry hat Red7 a Splendor matbruecht, a bei him souzen nach de Bob an d'Monique.
De Lol an de Philippe hunn erëm op hiert Lieblingsspill Wingspan zréck gegraff, dat mam Michelle an Andy. Hei koum dono Memoarrr! op den Dësch.
A finalement haten den Tom an d'Tanja Obscurio matbruecht, wat si mam Dennis a Christiane S. gespillt hunn.

16.01.2020

Wettlauf nach El Dorado war dat éischt Spill um Presi séngem Dësch den Owend. Hei waren d'Christianen S. a K. an de Marc S. seng Géigespiller. Dono koum de Brudder Guy nach eran, an do goung et mat Die Quacksalber von Quedlinburg plus Die Quacksalber von Quedlinburg: Die Kräuterhexen weider.
Beim Alain, Michelle, Bob, a Rol koum Otys op den Dësch, wat mat engem ganz knappe Score op en Enn gaangen ass. Hei goung et nom Rol sengem Départ mam Filler R-Öko weider.
De Gerry huet dem Nancy, Romy, a Monique seng Koproduktioun RoboRama presentéiert. D'Sophie huet sech ugeschloss fir Saboteur , an zum Schluss gouf et eng CuBirds .

09.01.2020

D'Sophie wëll eise Kontramitt-Part erëm beliewen an huet dëse Klassiker dem Christiane S., dem Sandra, dem Ben a Christian L. bäibruecht.
Beim Tanja, Christiane K., Jeia, an den Theisen Bros war Wingspan ugesot. Um drëtten Dësch souzen de Gerry, d'Monique, d'Romy, an d'Nancy bei Ankh'or , Absacker , a Sequence
Den Alain, de Guy P., de Mike M., an de Marc S. hu mat Reworld ugefaang, dat mam Mike senger Victoire geendegt huet, wat hie selwer iwwerrascht huet. Dono koum eng (ze) kuerz Partie Favor of the Pharaoh . Niewendru souzen de Chrëscht, de Lex, de Lol, an d'Ilinca bei enger Jaws .
Méi spéit hu sech d'Sandra an d'Christiane S. bei de Lex, de Lol, an d'Ilinca gesat fir eng L.A.M.A. . Dono huet sech eng gréisser Grupp gebilt fir eng Kontour , während um Dësch hannendrun nach eng Engel & Bengel gespillt ginn ass.

02.01.2020

Schwéiere Kascht haut beim Alain, Guy R., a Marc S.: den Alain hat Terra Mystica mat den Expansioune Terra Mystica: Feuer & Eis an Terra Mystica: Die Händler matbruecht. Déi Partie huet natierlech och dee ganzen Owend gedauert.
Beim Riccardo, Nancy, Sandra, Gerry, a Monique huet et mat Paper Tales ugefaang. Du koum d'Christiane K. mam Karim eran an huet Schampes a Geknabbers spendéiert fir säi Gebuertsdag (Merci!). Si zwee hunn eng kuerz Ubongo gemaach, an hu sech du mam Paper-Tales-Grupp zesumme gedoe fir eng Codenames . Nom Riccardo sengem Départ goung et mat L.A.M.A. an Strike .
Den Tom huet mat zwee Kollegen eng länger Partie Terraforming Mars gezockt, an am zweete Sall waren d'Yvesen E. an S., de Rol, de Marc F., an de Ben a Christian L. mat U-BOOT: Das Brettspiel an Star Wars: X-Wing (Second Edition) beschäftegt.
lu