27.08.2021
Haut koumen de Marko an d'Anna, déi d'lescht Woch reng zoufälleg eis Spillschief gesinn hunn a schnoffele komm sinn. De Marko hat eng Rei Spiller am Gepäck, dorënner Carcassonne: Big Box
, wou si fir d'éischt mam Alain a Mela eng Partie mam Grondspill an dunn eng mat der "Fluss"- an der "Händler und Baumeister"-Erweiterung gemaach hunn. Dono ass et mat enger Mauer Bauer
weider gaangen. De Marko hat och eng Deluxe-Versioun vum Hanabi
dobäi mat duebel sou grousse Kaarten a Plastiks-Kaartenhalteren, wat déi Saach vill méi komfortabel gemaach huet. Als Ofschloss gouf et eng Copenhagen: Roll & Write
.
Op engem zweeten Dësch souzen d'Christiane S. mat séngem Pätterchen an dem Nancy. Hei koumen Ubongo , Kingdomino , an Zooloretto un d'Rei.
Deen drëtten Desch war mam Dennis A., dem Lex, dem Guy P., an dem Gerry besat. Hei koum dem Dennis säi Raiders of Scythia zum Asaz, an dono de Meltdown 2020 .
Am zweete Sall war erëm Star Wars: Armada ugesot, als Duell tëscht dem Yves S. an dem Andy L.

19.08.2021
Während am zweete Sall den Yves S. mam Peggy K. an Andy L. Star Wars: Armada
gespillt hunn, hunn de Gerry, de John, den Alain, de Paul, an de Guy R. sech mam Gerry sengem Artificium
beschäftegt. Dono ass d'Spill mat enger DownForce
viru gaang, déi de John souverän gewonnen huet.
Zum Schluss gouf et eng Partie Sitting Ducks Deluxe , déi wierklech kengem zougesot huet. Eréischt wéi den Alain a Guy alleguer d'Kaarte vun der Erweiterung erausgeholl hunn, ass bei enger zweeter Partie d'Spill wesentlech besser ukomm.

12.08.2021
Den Tom an d'Tanja hunn den Hellapagos
matbruecht, dee si extra an England kaaft hunn. Si hunn zwou Partië mam Presi, Alain, Christiane S., Guy P., a Gerry gespillt, mee d'Meenungen iwwert d'Spill si gedeelt ausgefall. Nom Tom an Tanja hirem Départ huet de Rescht sech mam Trivia-Spill Smart 10
beschäftegt, wou och festgestallt ginn ass dass Trivia net onbedéngt jidderengem säi Béier war (woubäi d'Spill u sech net schlecht gemaach ass).
05.08.2021
De Marc S. hat haut Dune: Imperium
derbäi, an huet dat de ganzen Owend mam Alain, Guy R., a Rol gespillt. Och beim Guy P. a Paul war de ganzen Owend vun engem Spill besat; dem McMulti
.
Beim Christiane S., Sandra, Nancy, a Gerry dogéint waren elauter kuerz Spiller ugesot: Kingdomino , Mein Traumhaus , Azul , a Cat Lady sinn hei noeneen op den Dësch komm.
Am zweete Sall war déi selwecht Star Wars: X-Wing (Second Edition) -Ekipp wéi d'lescht Woch am Asaz, plus den Yves E.

30.07.2021
Haut hate mer eis Assemblée Générale, déi awer relativ séier ofgehaakt war, well am leschte Joer Corona-bedéngt net vill gelaf ass.
Dono ass am zweete Sall no laanger Zäit mol rëm ge-Star Wars: X-Wing (Second Edition) t ginn. Hei waren den Yves S., de John, de Ben a Christian L., d'Peggy, an den Andy L. am Asaz.
Am éischte Sall waren dräi Dëscher besat; de Marc S. hat seng Aeon's End -Sammlung matbruecht, an hien huet dat mam Alain, Presi, a Rol gespillt. Beim Dennis, Chrëscht, a Mela sinn Edelsteng am Istanbul gesammelt ginn. A beim Michelle, Andy S., Lol, a Christiane S. ass Dice Forge gespillt ginn. Dono ass d'Mela fir de Lol agesprong fir eng Partie Fertility .

22.07.2021
D'lescht Woch konnt net gespillt ginn, well hallef Goussel ënner Waasser stoung. Och eng Rei Spiller, déi beim Presi gelagert waren sinn dobäi verluer gaangen.
Dës Woch waren dann den Alain, d'Michelle, de Lex, an de Guy P. op deem engen Dësch, wou si Neom an Dice Forge gespillt hunn. Als drëtt Spill koum Bienvenue à bord op den Dësch als Duell tëscht dem Alain a Michelle.
Op engem zweeten Dësch souzen d'Christiane S., de John, an de Christian L. Si hu mat Der Palast von Alhambra: Big Box ugefaang a mat Era: Das Mittelalter opgehalen.

08.07.2021
Den Dennis A. hat den Owend Wasserkraft
matbruecht, an hien huet mat engem Kolleg an dem Nancy an dem John dee ganzen Owend gespillt.
Niewendru beim Alain, Christiane S., a Michelle stoung Lost Ruins of Arnak um Programm. Nom Michelle sengem Départ ass mat Im Wandel der Zeiten: Das Kartenspiel a Brave Rats weider gefuer ginn.

03.07.2021 – Viva-Vakanz-Tournoi
Haut ass dunn eise Viva-Vakanz-Tournoi gestart. Mir hate super gutt Wieder fir dobaussen ze spillen an z'iessen, wat natierlech der Stëmmung gutt gedoen huet.
12 Spiller sinn haut ugetrueden. Moies ass et mat Port Royal an Doodle City lass gaangen, all Kéiers an 2 Gruppe mat 3 Spiller. Um Enn waren et hei d'Sandra an de Brudder Guy, déi als eenzeg béid Spiller an hirem Grupp gewonnen haten. An esou munnech Favoriten haten en éischter moert Resultat.
Nom Mëttegiessen sinn d'Leit no hirem Resultat nei opgedeelt ginn, souzesoen an zwou Ligaen. D'Spiller mëttes ware Broom Service a Little Town . No dëse Partië stoung de Gewënner fest: de Brudder Guy huet als eenzegen all Spill gewonn an huet seng éischt Plaz kloer verdéngt. No him koumen d'Tanja an de Guy P. op der zweeter an drëtter Plaz. Gléckwënsch!

01.07.2021
Och haut den Owend ass fir de Viva-Vakanz trainéiert ginn. Den Alain huet mam Guy P., Tanja, Sandra, a Presi Port Royal
an Doodle City
gespillt. Nom Départ vun den zwou Dammen ass mam Alain sengem Puzzle Strike
enchaînéiert ginn.
En zweete Grupp vu véier Spiller huet Broom Service an Strike gespillt; leider hat ech keng Notte geholl, sou datt ech net méi weess ween dat war 🙂.