24.02.2023

Zimlech vollt Haus fir dës fräi Nuecht. Mir krute véier Gruppen zesumme mat am ganzen 18 Leit.
Ugefaangen hunn den Alain, de Marc S., an de Rol, déi den epeschen Ein Fest für Odin mat der Erweiterung Ein Fest für Odin: Die Norweger gespillt hunn. Beim Presi, dee mam Sebastian, Davide, Monique, an Nancy Funkenschlag um Nordeuropa-Plang (Funkenschlag: Nordeuropa/United Kingdom & Irland ) gespillt huet, war et net manner komplex. Si hu par contre mat Scout a Strike enchaînéiert.
Beim Chrëscht, Christiane S., Christian a Ben L. koumen Legacy , Meduris , a Cat in the Box: Deluxe Edition op den Dësch.
Dee véierte Grupp huet bestanen aus Lol, Paul, Gerry, Michelle, an Alain Bert., a si hu mat Flamecraft ugefaang. Dono ass d'Aline derbäi gestouss fir eng Subtext , a méi spéit ware just nach d'Aline, de Gerry, de Paul, an de Komitees-Alain iwreg fir eng Caldera Park an eng Azul .
Zum Schluss gouf et nach eng Top Ten am grousse Grupp.

16.02.2023

Erëm huet de Christian L. e Spill aus den Urzäite vum Brietspill matbruecht: Die Erbraffer vun 1994. Seng Kontrahente waren de Ben, de Chrëscht, d'Christiane S., an de John. Si hu mat Double Donkey , Scout , a Strike enchaînéiert.
Beim Alain, Lol, a Paul as et mam Zuch lass gaangen am Russian Railroads . Dono koumen d'Merle an d'Lynn dobäi, nodeem si hire Puzzle fäerdeg gemaach hunn, a si si mat der Ekipp op Tauchgang gaangen. Am Die Crew: Mission Tiefsee gouf bis Stuf 11 gespillt.
Beim Presi, Gerry, Monique, an Davide goung et fir d'éischt op Puerto Rico , an dono huet de Gerry säi Sea Salt & Paper erklärt.

09.02.2023

Ganz klassesch goung et haut beim Chrëscht, John, Ben a Christian L. lass: Hexentanz war bei hinnen den Optakt. Dono goung et mat KuZOOka an Tichu weider.
Den Alain hat säin anert Carl Chudyk Spill derbäi: Innovation : De Presi, de Lex, an den Davide ware seng Konkurrenten, an och dëst Spill begeeschtert net direkt op den éischte Versuch. Dono ass d'Lynn derbäi komm an huet beim K2 matgespillt (am Multitasking mat engem Puzzle).
Beim Gerry, Nancy, Christiane S., a Paul ware Clockworker , 6 qui surprend! , Scout , a Lobo 77 um Menu.

03.02.2023

Duerch de Scout si mer an der Lescht op Tichu ze schwätze komm, an d'Sophie huet gären dem John, Thérèse, an Nancy eent vu senge Lieblingsspiller erklärt.
De Guy P. hat dat schéint Spill Oros derbäi, an hien huet mam Presi, Sebastian, a Michelle gespillt. Mat Koryŏ ass ugeschloss ginn.
An den Alain hat säi Ruhm für Rom matbruecht, deen definitiv e bëssi brauch bis dass d'Matspiller säi Prinzip verënnerlecht hunn. De Gerry, de Paul, de Christian L., an d'Christiane S. hu matgespillt. Hei goung et mat Bad Company an dem virdrun ernimmte Scout weider.

27.01.2023

Den Alain hat erëm Marvel-Krom derbäi, dës Kéier de Legendary: A Marvel Deckbuilding Game , deen hie mam Rol, Marc S., Enrico, a Christiane S. gespillt huet. No enger knapp verluerener an enger kloer gewonnener Partie ass et hei mat Trails of Tucana weider gaangen.
Beim Paul, Gilles, Gerry, a Christian L. goufen Orléans a Lords of Waterdeep gespillt.
Dann hate mer nach eng gréisser Ekipp mam Michelle, Lynn, Presi, Monique, Guy P., Alain Bert., Mela, a Sebastian. Bei hinne si Mysterium an Der Widerstand an den Asaz komm. Méi spéit hu sech nach eng Rëtsch Leit mat Ohne Furcht und Adel ameséiert, während de Paul a Christian L. sech am Marvel Dice Throne duelléiert hunn.

19.01.2023

Beim Nancy, Gerry, a Christiane K. waren haut méi einfah Spiller um Programm: So Kleever! , Scout , a Smart 10 .
Beim Alain, Davide, a Paul ass et do scho méi komplex zou gaangen. Beim Great Western Trail huet den Davide sénge Matspiller gewise wou de Cowboy-Hummer hänkt. Dës Ekipp ass méi spéit mam Christiane K. op Pandemic: The Cure iwwer gaangen.
Den Tom, d'Tanja, an d'Michelle hu sech dem Spill Nemeton erbaarmt, sou dass dat no iwwer 3 Joer am Schaf endlech gespillt ginn ass. Dono goung et weider mat Calico .

12.01.2023

Nom Neijoerschpatt hunn den Alain an de John sech bei den Tom an d'Tanja gesat fir eng Four Gardens an eng Cascadia .
Bei de Christianen S. a Kr., dem Lex, an dem Nancy koum Legends op den Dësch.
Och beim Gerry, Marc S., a Gilles huet ee Spill den Owend dominéiert: Anachrony . Idem beim Davide, Carlos, a Manuel; hei war et Railways of the World . An och de Lol, d'Lynn, an d'Michelle hunn den Owend mat engem Spill verbruecht: Living Forest .
De Chrëscht, de Presi, d'Monique, an de Christian L. sinn an den zweete Sall gaang fir eng 80 Days an eng Aeolos .

05.01.2023

D'Merle an d'Lynn hu sech den Owend erbaarmt an endlech, endlech dee schwaarz-wäisse Puzzle dee scho méintelaang do läit, fäerdeg gemach.
Mee mir haten haut richteg vill Leit do. Den Alain, de Rol, de Marc S., an de Gerry hunn Torres a Paper Dungeons gespillt, a beim Presi, Davide, Enrico, a Carlos ware Rajas of the Ganges a Kingdom Builder ugesot. De Chrëscht hat och Spiller dobäi an huet mam Michelle, Andy, a Christian L. Ancient Terrible Things , Akropolis , a Saboteur gezockt. A beim Christiane S., Nancy, a Manuel ass den Owend mat Azul: Die Buntglasfenster von Sintra an Einfach Genial ugefaang ginn.
Méi spéit hunn eis Puzzlerinne sech bei dëse leschte Grupp gesat fir My Gold Mine a Kribbeln , de Presi koum bei den Alain a Gerry fir Songbirds a Lucky Numbers , a beim Davide, Enrico, a Manuel ass den Owend mat Cascadia ofgeschloss ginn.
lu