17.02.2022

D'Lynn hat haut seng Frëndin Caro mat invitéiert, an den Alain huet mat den zwou Damme Firenze gespillt. Niewendrun hat de Gerry säi 50 Missions matbruecht; seng Matspiller waren d'Nancy an d'Christiane S.
Dunn hunn déi zwou Gruppe sech zesumme gedoe fir eng Der Palast von Alhambra an eng 6 Nimmt! .
Op engem aneren Dësch souzen de Ben a Christian L., de John, an d'Monique. Hei ass fir d'éischt am Marvel Champions erëm de Rhino platt gemaach ginn. Nom Minique sengem Départ ass hei mat Project L a Skull King weider gefuer gin.

10.02.2022

Avengers Assemble! Den Alain a Paul hunn hir Marvel Champions -Sammlung matbruecht an zesumme mam Christian a Ben L. hu si de Spider-Man, den Hawkeye, d'Ms. Marvel, an d'Captain Marvel géint de Rhino an d'Feld geschéckt. Et huet zwar zwee Uleef gebraucht, mee d'Spill ass mat enger Victoire op en Enn gaangen.
Beim Tom, Tanja, Sandra, a Christiane S. ass et mat knuddelege Kazen a kniwwelege Kombinatioune lassgaangen: Calico ass e Brainburner am häerzege Gewand. Dono ass et mat Isle of Skye weider gaangen.
D'Nancy an d'Christiane K. hunn eng Rëtsch Spiller gespillt: Einfach Genial , Codenames Duo , Hungry Hugo , an de Klassiker Das verrückte Labyrinth .

03.02.2022

Den Owend huet sech um éischten Dësch alles em Villercher gedréit: Den Alain, de Paul, d'Christiane K., de Karim, an de Joshua hu mat enger Partie Wingspan ugefaangen. Nodeems dass deen agepak war, goung et mat CuBirds weider. Als lescht koum Bluff op den Dësch, wat zwar keng Villercher hat, mee bon.
Beim John, Lex, Monique, Christian L. a Christiane S. ass VektoRace gespillt ginn, wat sech nawell zimlech gezunn huet. Nom Christiane a onique hirem Départ ass hei mat Skull King ofgeschloss ginn.

28.01.2022

Den Alain hat haut eng nei Uschafung matbruecht: Lockup . Zesumme mam Christiane S., Sandra, Paul, a Lynn ass hien a de Fantasy-Kerker gaange fir do déi meeschte Punkten erauszeschloen. Dono goung et a méi agreabel Environnementer mat den US_National-Parks . Den Ofschloss war hei e Qwixx -Duell tëscht Alain a Paul.
Um zweeten Dësch hat de John seng Frëndin Thérèse matbruecht, a si hu mam Presi, Monique, a Christian L. Colt Express a Funkenschlag (a Funkenschlag: Italien/Frankreich ) gespillt.

20.01.2022

Zwee Dëscher mat all Kéiers véier SpillerInne krute mer haut zesummen.
De John hat erëm Flamme Rouge a Sonar Family matbruecht. Mat him hunn de Presi, d'Monique, an de Christian L. gespillt.
Aum zweeten Dësch souzen den Alain, den Dennis A., de Paul, an d'Christiane S. Si hu fir d'éischt un Die Rote Kathedrale gebaut, an hu mat enger schneller Fantastische Reiche den Owend zougemaach.

13.01.2022

Während den Alain de ganzen Owend mam Dennis beim Underwater Cities verbruecht huet, hat de John op séngem Dësch zwee Spiller dobäi: Bei Sonar Family huet hie mam Christian L. géint d'Christiane S. an de Paul sech eng Séischluecht geliwwert. Dono ass et mat Albedo an de Weltraum gaangen.

06.01.2022

Um éischte Spillowend am neie Joer krute mer sechs Leit zesummen. De John, den Dennis A., de Christian L., d'Michelle, d'Christiane S., an den Alain hu mat Riverside ugefaang. Dono hu si sech opgespléckt: den Dennis huet dem Michelle an dem Christian sä Furnace erklärt, an den Alain ass mam John a Christiane an Indien gefuer mat Rajas of the Ganges .
lu