26.08.2022

Vollt Haus den Owend: ganzer 5 Gruppen mat insgesamt 18 Spiller a Spillerinnen sinn haut zesumme komm.
Ugefaang mat den zwee Alainen an dem Ben a Christian L.: Si hu Roll Player mat den Erweiderunge Roll Player: Fiends & Familiars a Roll Player: Monsters & Minions gespillt, an dono mat Welcome , Carcassonne , Port Royal , a Skull King enchaînéiert.
De Guy P. an d'Christiane S. hu mam Gerry rëm dräi Spiller aus senger Sammlung gespillt: Kingsburg , Gods Love Dinosaurs , an Akropolis . Beim Paul, Mela, an Nancy stounge Living Forest , Imhotep , an Die Crew: Reist gemeinsam zum 9. Planeten . Spéit owes koum den Alain derbäi fir e bësse Smart 10 .
Beim Dennis A., Davide, an zwee anere Spiller ware Coimbra a Wettlauf nach El Dorado ugesot.
An de Presi huet den Dennis W. erëm wëllkomm geheescht. Deen hat eng Koppel Frënn matbruecht, a bei hinnen ass Cubitos , The Boss , a Las Vegas gespillt ginn.

18.08.2022

Den Owend war Cubitos grouss gefrot. Fir d'éischt bei den zwee Alainen an dem Dennis A. (si hu mat Gizmos weider gefuer), an dono bei den Theisen Bros (déi mat Dominion den Owend gestart hunn).
Beim Gerry, Nancy, Paul, a Christiane S. ware First Rat a Savannah Park um Menu. Dono ass eisen Alain nach derbäi komm fir eng Just One .

11.08.2022

Den Alain, de Paul, an de Christian an de Ben L. hunn erëm am Marvel Champions op béis Leit geschloen. Sono si si mat Tobago op d'Schatzsich gaangen, a si hu mat Conex a Push ofgeschloss.
De Gerry hat och erëm e puer Spiller matbruecht, an hien huet mam Nancy, Alain Bert., a Sandra Equinox a Lost Seas gespillt.
Beim Tom, Tanja, a Christiane S. stoung Living Forest a 7 Wonders um Programm.
Dono ass d'Christiane beim Gerry sengem Grupp fir d'Sandra agesprong, a si hunn nach eng So Kleever! gemaach.

04.08.2022

Haut krute mer zwou Gruppen zesummen. Op der enger Säit souzen déi zwee Alainen mam Ben a Christian L. fir eng Partie Lost Ruins of Arnak mat Lost Ruins of Arnak: Expedition Leaders . Dono ass den Hashi getest ginn, a mat Strike gouf ofgeschloss.
De Gerry huet mam Nancy, Christiane S., a John säin Nile Artifacts gespillt. Méi spéit koum nach de Lex dobäi fir mat hinne Simsala... Bumm? , Celestia , a Matterhorn ze spillen.

29.07.2022

Eng Rëtsch Spiller déi nei an der Spillfabrik-Sammlung sinn, sinn haut getest ginn. Déi zwee Alainen, d'Michelle an den Andy hu mat Everdell ugefaang. Beim Dennis A., Christian L., Ben L., a Mela goung et erëm an d'Minne vu Brass: Birmingham .
D'Kennerspiel des Jahres Living Forest koum beim Chrëscht, Guy R., Marc S., a Christiane S. op den Dësch. Dono hu si dat Spill "Schichtwiessel" vun de Minettsdäpp probéiert. Dee leschte Grupp waren de John, de Gerry, d'Nancy, an d'Sandra, déi dem Gerry säi Witchstone gespillt hunn.
Déi lescht zwou Gruppen hu sech a reduzéierter Form nach e bësse mat Codenames ameséiert, ier dann all "iwwerliewend" sech fir e puer Ronnen Top Ten zesummegesat hunn.

23.07.2022 – Viva-Vakanz-Tournoi

Mat e bësse Verspéidung gouf et erëm eist traditionellt Viva-Vakanz-Tournoi. Mir haten de volle Kontingent vun 16 Leit a gutt Wieder.
Moies ass et mat Cascadia an Azul: Die Buntglasfenster von Sintra lass gaangen. Dat waren déi méi komplex/länger Spiller. Dono huet sech direkt erausgestallt, dass et kee wäert ginn, deen all d'Spiller gewonn huet.
Mëttes gouf et natierlech erëm eng gutt Spaghetti.
De 7 Wonders: Architects a Man muss auch gönnen können stounge fir nomëttes um Programm. Nodeems dës Spiller ofgehandelt waren, stoung de Gewënner fest: eise Presi huet déi éischt Plaz ergattert, virum Dennis A., Tom, Tanja, an Andy.

21.07.2022

Den Owend waren zwou Gruppe gebild ginn. Déi eng (Alain, Gerry, Paul, Davide) hu fir d'éischt mat Babylonia ugefaang, fir dann dono fir de Viva Vakanz ze trainéieren, mat Azul: Die Buntglasfenster von Sintra a Man muss auch gönnen können .
Deen zweete Grupp huet aus dem Presi, dem Chrëscht, dem Michelle, dem Andy, dem Nancy, dem John, dem Alain B., dem Christian L., an dem Christiane S. bestanen, an do ware natierlech Spiller fir grouss Gruppen ugesot: Top Ten an Der Widerstand hunn hei fir Spaass gesuergt.
An d'Merle huet un deem zéie schwaarz-wäisse Puzzle geschafft.

14.07.2022

Mir haten eigentlech fir haut Pegsus-Spieleclubtage virgesinn, mee duerch eng Verkettung vun onglécklechen Ëmstänn koum dat net zustanen. Mir hunn eis awer ameséiert. Beim Davide, Dennis A., an nach engem Spiller ware The Manhattan Project: Energy Empire a Las Vegas ugesot.
De Presi, de Christian L., d'Mela, an de Gerry hu fir de Viva Vakanz trainéiert mat Cascadia , a mam Paul mat 7 Wonders: Architects .
Och den Alain, den Tom, d'Tanja, an d'Christiane S. hunn trainéiert: Azul: Die Buntglasfenster von Sintra a Man muss auch gönnen können waren hei um Plang.
De John, d'Thérèse, d'Sandra, d'Nancy an zwee vum Nancy sénge Kanner hunn eng Rei kuerz Spiller gespillt: Engel & Bengel , Bluff , Trans Europa , a Strike gouf et hei.
An um leschten Dësch souzen den Alain B., den Andy, d'Michelle, an nach ee véierte Spiller beim Die Quacksalber von Quedlinburg mat Die Quacksalber von Quedlinburg: Die Kräuterhexen .
Méi spéit hunn den Alain, d'Mela, an d'Christiane S. nach eng Calico gespillt, während de Presi, de Christian L., de Paul, an de Gerry sech och Man muss auch gönnen können gegonnt hunn.

07.07.2022

Den Alain, den Enrico, den Dennis A., an de Paul hunn haut zwou nei Acquisitioune vum Club getest: Hansa Teutonica: Big Box an Nidavellir , déi alle béid net esou laang dauere wéi een dat kéint mengen. Als Ofschloss nom Paul sengem Départ gouf et en Absacker mat Corinth .
Méi "abendfüllend" war dogéint Caylus 1303 beim Christiane S., Gerry, Nancy, John, an Thérèse.
De Presi, huet mam Christiane Kr., mam Lara a mat zwou vum Lara sénge Frëndinnen eng Rëtsch kuerz Spiller gemaach: Maka Bana , Las Vegas , Simsala... Bumm? , a Strike koumen hei op den Dësch.
lu