27.12.2024
Op dësem leschte Spillowend vum Joer hunn de Presi, d'Lynn, d'Christiane S., an de Paul hir Pandemic Legacy: Season 0
-Kampagne mat Glanz und Gloria op en Enn bruecht.
Beim Alain, Romy, Tom, Tanja ass et fir t'éischt an de wäiten Oste gaang mat Let's Go! To Japan , an dono an d'Mythologie mat Orbis . Dono hunn den Alain an d'Romy sech am 7 Wonders: Duel geklappt, ier se vum Pandemic-Team fir Die Wandelnden Türme , a Kribbeln verstäerkt goufen.
Strike
Beim Dennis, Hanna, Rachel an Tom G. war haut dee ganzen Owend Brass: Birmingham ugesot. D'Carole, den Alain Bert., de Sebastiaan, an d'Lisa hu mat Die Weiße Burg ugefaang a sinn dann op Skull King iwwer.
De Claude, den Alphonse, d'Karin, an d'Christine sinn nei erakomm an hu Cascadia , Trio , an Azul gespillt.
An e grousse Grupp mam Mela, John, Carola, Chrëscht, Christian, Philippe a Ben L. hu Faraway , Top Ten , a Codenames gezockt.

19.12.2024
Haut hu mer eis Chrëschtfeier gemaach mat enger defteger Gromperenzopp, vum Lynn mat Léift préparéiert. Dofir ass dann och deen éischten Deel vum Owend mat Iesse verbruecht ginn.
Herno ass natierlech gespillt ginn, mee ech hunn d'Gruppen net méi am Kapp. Et sinn nei Spiller gespillt ginn, wéi Fromage , Star Tycoon , a The Great Split . Awer och déi lescht Uschafunge vum Club, wéi Akropolis , Context , Art Society , an Intarsia .
Finalement, wat och nach gespillt ginn ass, ass Bad Company , CuBirds , After Us , Sur les traces de Darwin , a Slide .

12.12.2024
Haut hate mer déi sougenannt "Adventsfënster" fir d'Gemeng Lëntgen gestallt. Dofir sinn ab 18:00 och Visiteure bei eis laanscht komm fir eng Kéier Spill-Loft ze schnoffelen. Do hunn eis Bistrospill-Kandidate wéi Mind Up!
, That's Not a Hat
, Quando
, an Trio
gutt Déngschter geleescht, genau wéi aner onkomplex Spiller wéi TowerBrix
, Dumm gelaufen!
, Pixies
, Just One
, a Black Dog
.
Natierlech goufen och déi üblech Spillergruppe gebild, wéi den Alain, d'Michelle, d'Christianë K. an S., den Davide, an d'Aline, déi sech mat Micropolis
,
Celestia
, a Bohnanza
ameséiert hunn, wéi och d'Rachel, den Tom, de Christian L., an nach ee Spiller, déi mat
Gizmos
a Let's Go! To Japan
hien Owend ofgeschloss hunn.
05.12.2024
De Presi, d'Christiane S., d'Lynn, an de Paul hunn den November am Pandemic Legacy: Season 0
nogeholl. Donieft war de Gilles amgaange säi komplexe Shackleton Base
dem John, Christian L., Hanna, a Carola bäizebréngen.
D'Aline an de Guy P. hate sech mat hire Kanner ameséiert, do ass ënner anerem Strike
op den Dësch komm.
Beim Marc F., Sandra, Sebastian, Pierre, a Christiane K. ass River Valley Glassworks
an After Us
gespillt ginn.
A bei den zwee Alainen, dem Carole, a Sebastiaan ware Wingspan
an Tobago
um Programm.
29.11.2024
Beim Presi, Lynn, a Christiane K. huet eng epesch Partie
de ganzen owend an Usproch geholl.
De Lol, d'Elisabeth, de Frank an d'Mela hunn de Fernost a Griichenland besicht am
Let's Go! To Japan
an am Akropolis
.
D'Myriam a Rachel R. hunn Azul
mat engem drëtte Spiller gespillt, a beim Pierre, Hanna, Marc F., Carola, an engem fënnefte Spiller war ënner anerem Pixies
ugesot.
Den Alain huet mam Rachel an Tom G., dem Alain Bert., an dem Carole Distilled
mat der Expansioun Distilled: Africa and Middle East
ugefaang, an dono ass et mat Parks
weider gaang.
Dungeon Lords
a Skull King
ware beim Davide, Sebastian, Simone, a Christian L. um ordre du jour.
Absackere goufen et och: Welcome
, Just One
mat Just One: Neue Begriffe
, Quando
, a Lovecraft Letter
goufen och ausgepaakt.
21.11.2024
Beim Christian L., Lex, John, Rachel an Tom G. ass haut Course gefuer ginn am Heat
mat Heat: Heavy Rain
. Hei ass mat Skull King
enchaînéiert ginn.
Den Alain huet sech fir d'éischt mam Christiane S. am 7 Wonders: Duel
... duelléiert. Dono ass d'Lynn dobäi komm fir eng Great Western Trail
.
D'Sandra hat och erëm Rebel Princess
a Spectacular
dobäi, an awer och Château Combo
. Hatt huet mam Hanna, Pierre, a Sebastian gespillt.
A beim Davide, Christiane K., a Romy koumen Der Kartograph
a Cascadia
op den Dësch.
14.11.2024
Beim Alain, Sandra, Pierre, Rachel an Tom G. koumen haut noeneen Kleopatra und die Baumeister
, Château Combo
, Simsala... Bumm?
, a Pixies
op den Dësch.
Beim Christian L., John, Carole, Alain Bert., Aline, a Marc F. war erëm Mind MGMT
ugesot, gefollegt vun Top Ten
deem sech am Laf vum Owend ëmmer méi Leit ugeschloss hunn.
De Sebastiaan hat Hippocrates
matbruecht. Hien huet mam Guy P., Lol, a Lisa gespillt a mat Mind Up!
enchaînéiert.
A beim Gerry, Christiane K., Davide, a Carola ass et an den Ozean gaang mat Dragons des mers
a Blue Lagoon
.
07.11.2024
D'Lisa, de Christian L., den Alain Bert., an d'Carole sinn am Mind MGMT
op d'Sich gaangen.
Den Alain, de John, d'Rachel an den Tom G. sinn op Japan an a Russland gereest am Let's Go! To Japan
a Sankt Petersburg
.
A beim Sandra, Sebastiaan, Pierre, a Gerry koumen e puer Spiller un d'Rei: River Valley Glassworks
, Spectacular
, Rebel Princess
, a
Quando
ass och nach un deem Owend gespillt ginn.