30.04.2026

Placeholder

24.04.2026

Placeholder

16.04.2026 – In Memoriam Jacques Zeimet

Placeholder

09.04.2026

Placeholder

02.04.2026

Placeholder

27.03.2026 – Assemblée Générale

Bei dëser AG, héchstwahrscheinlech déi lescht am Horgerhaus, huet de Komitee seng 15-Joer-Feier-Evenementer annoncéiert. Dono ass et no engem Patt natierlech mat Spille weider gaang.
Am Gank huet d'Cathia rëm eng D&D-Ronn animéiert. Am zweete Sall huet de Presi mam Mathis Sky Team gespillt, den Alain huet mam Carole, Simone, an Alain Bert. Wundersame Wesen gefaangen, an den Davide huet dem Christiane S., Aline, an Thomas W. de Xenology erklärt.
Am éischte Sall ass och gespillt ginn, ech hunn do awer net alles am Detail notéiert. Ënner anerem ass Cascadia , Koi , Die Reise zum Mittelpunkt der Erde , Panda Royale , Everdell , Piñatas , Pili Pili , Got Five! , a Gizmos gespillt ginn.

19.03.2026

Haut koum de Serge eran, e Kolleg vum Presi. Zesumme mam Alain, John, a Lynn hu si eng Ronn Rallyman GT gespillt. Dono ass d'Lynn heem gefuer, an et ass mat Wazabi , TowerBrix , a 6 Nimmt! weider gaang.
D'Jessica, d'Simone an d'Aline hu Queen of 12 an NMBR 9 gespillt, a beim Paul, Romy, Sebastiaan an Isabelle waren et Paleo a Bomb Busters .
De Sebastian, d'Mireille, an d'Caroline hunn Endeavor: Eaux profondes am Koop gespillt an hu mat Take Time enchaînéiert, a beim Davide, Dennis, Rachel, an Tom war de ganzen Owend The Manhattan Project: Energy Empire ugesot.

12.03.2026

Den Alain huet mam Christiane S., Davide, a Romy Cities , Mycelia , an Die Quacksalber von Quedlinburg gespillt. Niewendrun hunn d'Caroline, d'Hanna, de Sebastian, d'Myriam, de Marco, an d'Sandra Windjammern , Ghostbumpers , a Bellevue gezockt.
De Presi, d'Simone, de Sebastiaan an de Christian L. waren de ganzen Owend mat Tzolk'in: Le calendrier Maya beschäftegt, genau wéi den Eric, d'Rachel, den Tom, an den Alain Bert. mat Emberleaf .
D'Cathia huet och nach mam jessica am zweete Sall Dorfromantik: Sakura an Exploding Kittens: Party Pack espillt.

05.03.2026

Deen éischte Grupp war haut Alain, Presi, Christiane S., Sebastiaan, an Eric a bei hinne koume fir d'éischt New Frontiers an dunn dat skurrilt Streechspill Nokosu Dice op den Dësch.
All déi aner (Lex, John, Jessica, Christian L., Hanna, Caroline, Aline, Sebastian, a Gerry) hu sech fir d'éischt un eng Mega-Partie Der Kartograph getraut an hu sech dono opgespléckt: Déi eng Halschent ass mat Machi Koro a Lovecraft Letter weider gefuer, déi aner mat The Lie a Für die Krone .
en