26.12.2025

De Gilles hat haut net nëmmen Altay dobäi, mee och säi Bouf Finn. Si hu mam Alain a Guy P. eng Partie gemaach, asi sinn dono op dem Alain säin Expeditions , mat Expeditions: Gears of Corruption iwwer gaang.
Den Alain Bert., de Sebastiaan, d'Carole, an d'Mela hunn d'Joer mat Funkenschlag op der Iberescher Hallefinsel (Funkenschlag: Brasilien/Spanien & Portugal ) ausklenge looss. No enger Pictures hu si dunn nach eng SETI dru gehaangen.
D'Cathia hat mat sengem Bouf an dräi anere Spiller Karak an Top Ten gespillt.

18.12.2025 – Chrëschtfeier

Haut hate mer eis Chrëschtfeier, a vill vun eis hunn hiren "ugly christmas sweater" ugehat – deelweis souguer mat Luten an Deko drop. Et gouf och erëm eng gutt Gromperenzopp mat Wirschtercher, a vill Dessert. Merci un de Kommitee an u jiddereen deen eppes matbruecht huet.
Gespillt ass natierlech och ginn. Och do gouf et e puer thematesch passend Saachen, wéi dem Alain säi Roll Camera mat der Erweiterung Roll Camera!: X-mas Movie Story Pack , oder dem Hanna säi Santa's Workshop: Second Edition (an der ungarescher Versioun "Mikulás Műhelye Deluxe"). Ansonste gouf et vun alles: Little Town , Strike , Lovecraft Letter , Nova Luna , Harry Potter Hogwarts Battle , 7 Wonders , Faraway , Azul: Die Buntglasfenster von Sintra , Lost in Translation , Durchmarsch , Die Wandelnden Türme , Quando , an Distilled sinn op den Dësch komm, an d'Cathia hat och erëm eng D&D-Sessioun organiséiert.

11.12.2025

Zwee Dëscher huet et gebraucht fir dem John säin Nürburgring-Circuit fir Heat . Déi zwee Alainen, Christian L., an d'Rachel si matgefuer, an um Enn hat just de Christian eng Chance géint déi dräi AI-"Legenden".
Den Davide, an d'Aline, hu mat zwee anere Spiller Dead by Daylight probéiert.
A beim Hanna, Caroline, Sandra, Sebastian, Lynn, a Christiane S. gouf et Panda Royale , Viva Catrina , Meister Makatsu , a Koi .

04.12.2025

28.11.2025

Bis déif an d'Nuecht eran hunn den Eric, d'Rachel, den Tom, an den Dennis u Galactic Cruise geschafft; d'Erklärung war eréischt um néng Auer fäerdeg... Beim Gilles, John, Davide, an Alain Bert. huet Stupor Mundi net grad sou laang gedauert, war awer och owendfëllend.
Niewendrun huet den Alain d'Tessy an d'Susi begréisst, déi mat hire Kanner erakomm sinn. Do ass Château Combo , Cities , Skyjo , a MicroMacro: Crime City gespillt ginn.
Den Alphonse an d' Christiane K. hu gesot Let's Go! To Japan . Dono ass et mat Chakra weider gaang.
Beim Hanna, Lynn, Caroline, Momo, Sebastian, an engem sechste Spiller koumen erëm ganz onbekannte Saachen 7 Wonders Dice , Emberheart , Der Hobbit: Hin und zurück , an Jackal: Treasure Island .
An am zweete Sall huet d'Cathia eng Dungeons & Dragons-Sessioun moderéiert mat sengem Fils, dem hristian L., dem Sebastiaan, an engem weidere Spiller.

20.11.2025

Et ass kee Kraut géint e gewuess: Knapp kritt de Presi den Endeavor: Eaux profondes bäibruecht, schonn zerstéiert e seng Matspiller (déi zwee Alainen an d'Christiane S.) mat engem onmoossege Score.
Beim John, Eric, Christian L., an engem véierte Spiller gouf et Cosmogenesis a , a beim Rachel, Tom, Dennis, an Davide Rise of the Wastelands .
D'Simone huet dem Cathia, dem Lex, an enger weiderer Spillerin Karak erklärt. Dono ass mat Scotland Yard enchaînéiert ginn.
A beim Hanna, Caroline, Sandra, a Marco gouf et Panda Royale , Meeple Circus , a Rudolph .

13.11.2025

Beim Alain, Aline, an de Christianen S. a K. goung et haut klassesch lass mat Die Tore der Welt an dono enger Cities .
Beim Hanna, Sebastian, Caroline, a Sandra gouf ënner anerem Twinkle Twinkle gespillt, mee déi aner Saachen hat ech net matkritt.
An de John ass erëm Course gefuer am Heat , dës Kéier mam Tom, Rachel, Christian L., Eric, an engem sechste Spiller. Hei ass mam Eric sengem Propolis ofgeschloss ginn.

06.11.2025

Den Tom an d'Tanja hate Popcorn vun Essen matbruecht, a si hunn den Alain an d'Christiane S. mat an de Kino geholl. Niewendrun hunn den Enrico, d'Rachel, den Tom, an den Dennis am SETI no Aliens gesicht.
Beim Davide, Gerry, Eric, Steve, an engem fënnefte Spiller koume Flossenschlag a 7 Wonders op den Dësch.
Beim Presi, Paul, Alain Bert., a Carole ass fir de Game On trainéiert ginn. Hei gouf et Ab ins Beet , Twhist , Château Combo , a Für die Krone .
An d'Hanna, de Sebastian, an d'Sandra hunn Amanite , Bohemians , a Koi gespillt.
en