FAQ
Gängeg Froen zu eise Spillowenter


FAQ
Opgepasst: Déi folgend Informatioune si korrekt fir den normale Betrib. Déi aktuell Covid-19-Reegelen (kuck hei) hu Prioritéit op all aner Informatioun.

Wéi leeft esou en Owend of?
En Owend an der Spillfabrik ass eng ganz relax Affär. Vun 19:30 u kommen d'Leit eran a bilden ënnert sech méi oder manner grouss Gruppe fir e Spill ze spillen, op dat se grad Loscht hunn. Nom Spill gëtt entweder mat engem aneren enchaînéiert, oder et bilde sech nei Gruppen. Jidderee ka kommen a goe wéi e wëll (mee kuck déi nächst Fro) a spille wat e wëll. Wann dir zu méi kommt, kënnt dir och gären eppes ënnert iech spillen, mee et ass natierlech ëmmer flott sech ze "vermëschen". Mir hunn zwee Säll disponibel, a genuch Dëscher a Still.

Um wéivill Auer soll ech kommen?
Mir si vun 19:30 un op bis ca. 23:00. Dir kënnt zu egal wéi enger Zäit kommen. Mee mir recommandéieren dass dir tëscht 19:30 an 19:45 kommt, well dee Moment sech d'Gruppe bilden a mat spillen ugefaang gëtt. Wann dir méi spéit kommt (z.B. um 20:00) riskéiert der mussen ze waarde bis déi aner Leit hiert Spill fäerdeg gespillt hunn fir kënne mat hinnen ze spillen.

Ginn et Behuelensreegelen?
Grosso modo gëllt: "don't be a jerk" (sieft net onhéiflech). Sicht kee Sträit a maacht näischt futti, da gi mer eens.

Soll/Däerf ech Spiller matbréngen?
Mir hunn e grousse Choix vu Spiller disponibel (kuck hei). Dir kënnt awer och gären en eegent Spill matbréngen.

Muss ech d'Reegele vu Spiller kennen?
Wann dir e Spill net kennt, gëtt et iech natierlech vun engem Matspiller erkläert.

Gëtt et Iessen a Gedrénks?
Mir hunn e Frigo mat Softdrinks, Radler, a Béier, déi ee fir 1 resp. 1,50 € kafe kann. Et ass och Schockela disponibel, a freides ginn et och Hot Dogs. Et ass awer och kengem verbuede säin eegent Iessen a Gedrénks matzebréngen. Passt just w.e.g. e bëssen op fir d'Spillmaterial net knaschteg ze maachen.

Kann ech kommen ouni Member ze sinn?
Dir kënnt gären 1-2 mol "schnuppere" kommen, ier der iech fir eng Memberskaart decidéiert.

Muss ech lëtzebuergesch schwätze kënnen?
Neen. Soulaang s de op mannst däitsch, franséisch, oder englesch kanns, kënne mir zesumme spillen. Et ass just net all Spill spillbar ouni d'Sprooch ze kennen.

Wat bréngt eng Memberskaart?
Mat ärem Membersbeitrag ënnerstëtzt der de Club finanziell, an dir däerft och bei Evenementer wéi dem Chill, Spill & Grill an dem Viva-Vakanz-Tournoi mat maachen. En plus kritt der Remisë beim Kaf vu Gesellschaftsspiller beim Rischette zu Jonglënster an dem Games Tower zu Miersch.

Kann ech Spiller ausléinen?
Dir kënnt a klengem Mooss Spiller ausléinen. Dozou frot der e Komitteesmember, an dir schreift iech an der entspriechender Lëscht an, déi am Club aushänkt. Mir bieden, e Spill net méi laang wéi 3 Wochen auszeléinen.

Wat leeft a Punkto Puzzelen?
Dir kënnt bei eis Puzzele maachen, wann dat iech éischter Spaass mécht wéi ze spillen. Mir hunn Dosende Puzzelen disponibel (meeschtens vun 1.000 Stécker). Dir kënnt gären och Puzzelen tauschen; bréngt ee mat deen dir scho gemaach hutt an huelt iech en aneren amplaz. An dësem Fall soll de Puzzle deen dir bréngt tëscht 500 an 2.000 Stécker hunn an natierlech komplett sinn.

Ginn et Parkplaze bei iech?
Mir hunn e Parking mat ca. 10 Plazen, zousätzlech kann een an der Strooss parken.

Ass deen nächste Rendez-Vous elo Donneschdeg oder Freideg?
Dee leschte Freideg am Mount gëtt gespillt. All aner Woch ass et Donneschdes. Dat einfachst ass dir kuckt op eiser Websäit; do steet op all Säit uewen, wéini deen nächste Rendez-Vous ass. Dir kënnt och um Kalenner kucken.

Wat sinn déi aktuell Covid-19-Bestëmmungen?


Designed by Laurent Kruchten / Alain Baum