Events
Ukënnegungen vun aktuellen a vergaangenen Evenementer.


21.9.2019: Dominion-Tournoi
D'Spillfabrik organiséiert hiren éischten Dominion Tournoi de Samschdeg den 21. September 2019 vu 14.00 bis 18:00 am Games Tower zu Miersch, 33 rue de la Gare. Vun 13:00 un kann ee komme fir sech anzespillen oder sech d'Spill erklären ze loossen. Et ass Plaz fir 24 Spiller/innen, fir déi éischt 3 gëtt et ee Spill als Gewënn.
D'Participatioun ass gratis. Wann s de wëlls sécher eng Plaz hunn, da mell dech bis de 16. September iwwer Email bei un. Du kanns awer och den Dag selwer viru 14h dech nach op der Plaz umellen. Et gëtt mat Kaarte mat däitschem Text gespillt, fir eng englesch Iwwersetzung ass gesuergt. Als Training kann een och den 12. an den 19. September an der Spillfabrik eng Partie Dominion spille kommen. (Klick op d'Spillkëscht fir op de Facebook-Event ze kommen.)

19.10.2019: Puzzle-Tournoi
De Samschdeg, 19. Oktober 2019 organiséiert d'Spillfabrik zesumme mam DT Ell ee Puzzle-Tournoi am Centre Camille Ney zu Ell. Dir kënnt an Equipë vu bis zu 4 Leit untriede fir noeneen déi meeschte Puzzlen fäerdeg ze kréien. Weider Informatioune fannt dir hei: www.puzzle.lu.

24-27.10.2019: SPIEL zu Essen (D)
Vun en Donneschdeg, 24. Oktober 2019 un ass d'SPIEL zu Essen an Däitschland.

23.11.2019: Playgirls & Gameboys
De Samsdeg, 23. November 2019 ass d'Spillfabrik an de Rotonden op der Gare fir de "Playgirls & Gameboys"-Mëtteg. Weider Informatioune fënns du hei: Link bei d'Rotondes

7.-8.12.2019: Game On
De Samschdeg a Sonndeg, 7.-8. Dezember 2019 ass d'Spillfabrik zesumme mat hire Kollege vum Social Gaming Club a Videogames.lu an der Schungfabrik zu Téiténg. Nieft ville Brietspiller gëtt et do ënner anerem Tournoien a Rollespiller. Weider Informatioune fannt dir hei: Game On.


6.7.2019: Grousse SPILLFABRIK Viva Vakanz Tournoi 2019
De Samschdeg, 6. Juli 2019 leeft deen aachte "Spillfabrik Viva Vakanz Tournoi". Weider Informatioune fënns du op eisem Flyer.

15.6.2019: Chill, Grill & Spill
Och dëst Joer geet et erëm op d'Grillplaz zu Rolléng. Samschdes, de 15.6. wäerte mer eis zu Rolléng bei der Grillhütt zesumme fannen fir eng Kéier dobaussen an der frëscher Loft gemittlech zesummen ze spillen. Dat Ganzt leeft no dem Motto Chill, Grill a Spill.
Et fänkt um 10:00 un. An der Mëttesstonn gëtt gegrillt: De Menu ass au choix a souvill ee wëllt. Et gi Kottletten, Wipp, Zalot an Dessert à gogo. Gedrénks ass och op der Plaz (Cola, Spruddel, Waaser, Béier).
Schluss as prinzipiell um 19:00, allerspéitstens ass Schluss wann et däischter gëtt.
Wee wëll iesse kommen, muss sech bis spéitstens den 13.6. umellen, all déi aaner kënnen einfach bäistoussen, wéi een d'Zäit an d'Loscht huet.
Déi genee Plaz ass hei: Navigatioun mat Google Maps

24.11.2018: Playgirls & Gameboys
De Samsdeg, 24. November 2018 ass d'Spillfabrik an de Rotonden op der Gare fir de "Playgirls & Gameboys"-Mëtteg. Weider Informatioune fënns du hei: Link bei d'Rotondes

25-28.10.2018: SPIEL zu Essen (D)
Vun en Donneschdeg, 25. Oktober 2018 un ass d'SPIEL zu Essen an Däitschland.

20.10.2018: Puzzle-Tournoi
De Samschdeg, 20. Oktober 2018 organiséiert d'Spillfabrik zesumme mam DT Ell ee Puzzle-Tournoi am Centre Camille Ney zu Ell. Dir kënnt an Equipë vu bis zu 4 Leit untriede fir noeneen déi meeschte Puzzlen fäerdeg ze kréien. Weider Informatioune fannt dir hei: DT Ell. (Reglement, Aschreiwung, Flyer)

13.10.2018: Game On
De Samschdeg, 13. Oktober 2018 ass d'Spillfabrik zesumme mat hire Kollege vum Social Gaming Club a Videogames.lu an der Schungfabrik zu Téiténg. Nieft ville Brietspiller gëtt et do ënner anerem Tournoien a Rollespiller. Weider Informatioune fannt dir hei: Game On.

21.7.2018: Grousse SPILLFABRIK Viva Vakanz Tournoi 2018
De Samsdeg, 21. Juli 2018 leeft dee siwente "Spillfabrik Viva Vakanz Tournoi". Weider Informatioune fënns du op eisem Flyer.

25.11.2017: Playgirls & Gameboys
De Samsdeg, 25. November 2017 ass d'Spillfabrik an de Rotonden op der Gare fir de "Playgirls & Gameboys"-Mëtteg. Weider Informatioune fënns du hei: Link bei d'Rotondes

10.12.2017: Game On
De Sonndeg, 12. Dezember 2017 ass d'Spillfabrik zesumme mat hire Kollege vum Social Gaming Club an der Schungfabrik zu Téiténg. Nieft ville Spiller gëtt et do ënner anerem een Star Realms-Tournoi. Weider Informatioune kommen nach no.

26-29.10.2017: SPIEL zu Essen (D)
Vun en Donneschdeg, 26. Oktober 2017 un ass d'SPIEL zu Essen an Däitschland.

6.8.2017: GeoCache @ Waasserbëlleg
De Sonndeg, 6. August 2017 fuere mer op Waasserbëlleg fir eemol selwer ee GeoCache ze maachen. Weider Informatioune kommen nach no.

8.7.2017: Grousse SPILLFABRIK Viva Vakanz Tournoi 2017
De Samsdeg, 8. Juli 2017 leeft dee sechste "Spillfabrik Viva Vakanz Tournoi". Weider Informatioune fënns du op eisem Flyer.

17.6.2017: Chill, Grill & Spill
Och dëst Joer geet et erëm op d'Grillplaz zu Rolléng. Samschdes, de 17.6. wäerte mer eis zu Rolléng bei der Grillhütt zesumme fannen fir eng Kéier dobaussen an der frëscher Loft gemittlech zesummen ze spillen. Dat Ganzt leeft no dem Motto Chill, Grill a Spill.
Et fänkt um 10:00 un. An der Mëttesstonn gëtt gegrillt: De Menu ass au choix a souvill ee wëllt. Et gi Kottletten, Wipp, Zalot an Dessert à gogo. Gedrénks ass och op der Plaz (Cola, Spruddel, Waaser, Béier). D'Iessen an d'Gedrénks zesumme kaschten e Forfait vu 15 Euro op de Kapp.
Schluss as prinzipiell um 19:00, allerspéitstens ass Schluss wann et däischter gëtt.
Wee wëll iesse kommen, muss sech bis spéitstens de 15.6. umellen, all déi aaner kënnen einfach bäistoussen, wéi een d'Zäit an d'Loscht huet.
Déi genee Plaz ass hei: Navigatioun mat Google Maps

20.4.2017: Pegasus-Clubspieletage
Dëse Spillowend steet exklusiv am Zeeche vu Pegasus. Am Kader vun hire Clubspieletage ënnerstëtzt Pegasus Spillclube mat hiren neitste Spiller. Mir soe Pegasus elo scho merci fir hire Support.

10.12.2016: Geocache Event
De Geocache-Event vun 2016. Méi Informatioune fannt dir hei.




1.12.2016: Pegasus-Clubspieletage
Dëse Spillowend steet exklusiv am Zeeche vu Pegasus. Am Kader vun hire Clubspieletage ënnerstëtzt Pegasus Spillclube mat hiren neitste Spiller. Mir soe Pegasus elo scho merci fir hire Support.

26.11.2016: Playgirls & Gameboys
De Samsdeg, 26. November 2016 ass d'Spillfabrik an de Rotonden op der Gare fir de "Playgirls & Gameboys"-Mëtteg. Weider Informatioune fënns du hei: Link bei d'Rotondes.

13-16.10.2016: SPIEL zu Essen (D)
Vun en Donneschdeg, 13. Oktober 2016 un ass d'SPIEL zu Essen an Däitschland.

20.8.2016: Chill, Grill & Spill
Och dëst Joer geet et erëm op d'Grillplaz zu Rolléng. Samschdes, den 20.8. wäerte mer eis zu Rolléng bei der Grillhütt zesumme fannen fir eng Kéier dobaussen an der frëscher Loft gemittlech zesummen ze spillen. Dat Ganzt leeft no dem Motto Chill, Grill a Spill.
Et fänkt um 10:00 un. An der Mëttesstonn gëtt gegrillt: D'Iessen ass gratis fir Membere resp. kascht 5 Euro op de Kapp fir net-Memberen. De Menu ass au choix a souvill ee wëllt. Et gi Kottletten, Wipp, Zalot an Dessert à gogo. Gedrénks ass och op der Plaz (Cola, Spruddel, Waaser, Béier) wat een zum nämlechten Tarif wéi an der Spillfabrik kafe kann (1 Euro pro Béchs an 1,5 Euro pro Fläsch Béier).
Schluss as prinzipiell um 19:00, allerspéitstens ass Schluss wann et däischter gëtt.
Wee wëll iesse kommen, muss sech bis spéitstens de 19.8. umellen, all déi aaner kënnen einfach bäistoussen, wéi een d'Zäit an d'Loscht huet. Déi genee Plaz ass hei: Navigatioun mat Google Maps

9.7.2016: Grousse SPILLFABRIK Viva Vakanz Tournoi 2016
De Samsdeg, 9. Juli 2016 leeft dee fënnefte "Spillfabrik Viva Vakanz Tournoi". Weider Informatioune fënns du op eisem Flyer.

17.6.2016: 5-Joer-Birthday-Party
Eis 5 Joer Party vun der Spillfabrik steet virun der Dier!! Vum 17. Juni 17:00 bis 18. Juni 13:00 gëtt am Haus Rasmussen um Kuelbecherhaff, rue de Mersch, 7000 Hollenfels gefeiert. Fir dohinner ze kommen hu mir Schëlder ausgehaang, sou dass dir et och fannt. Wann dir um CR 105 sidd, einfach Richtung Hollenfels fueren. Déi genee Plaz ass hei: Navigatioun mat Google Maps
D'Fest inklusiv Iessen, Gedrénks an Iwwernuechtung ass gratis fir eis Memberen. Dir kënnt natierlech Frënn a Famill matbréngen, fir déi kascht et 12€/Persoun.
Mir organiséieren e puer flott Aktivitéite wéi der hei am Programm kennt erausliesen:

Freides den 17. Juni
17:00 Ufank
18:30 Kubb-Tournoi (1h) + Cash’n’Guns Live (30min) (animéiert vum Dennis)
19:30 Iessen
21:00 Kubb-Tournoi (1h) + Cash’n’Guns Live (30min) (animéiert vum Dennis) + We will Rock you (15min)
22:00 Quiz (1h)
23:00 5 years night cache* (1h, all 1/4 Stonn een Départ). Daat as eng Zort Nuetsrally wou dier mat enger Täscheluucht bewaffnet op Juegd no Hinweiser gidd.
00:30 Werwölfe ronderëm d'Lagerfeier (30min)
01:00 Fräi Nuecht


Samsdes 18. Juni
Fräi Spillen
10:30 Brunch
13:00 Enn

Während der ganzer Zäit kënnt dir natierlech och einfach relax, wéi gewinnt, e Spill spillen dat mir aus eiser Sammlung matbruecht hunn.
NB: De 5 years night cache ass eréischt ab dem 18. Juni offiziell um Site vu Geocaching, deemno gëtt et op eiser Gebuertsdagsfeier ee "FTF" fir jiddereen dee matmécht. De Chrëscht enkadréiert dës Aktivitéit.
Et gi 24 Better verdeelt a 4 Dortoiren.
Bréngt eng Täscheluucht a fest Schong wann dir de 5 years night cache wëllt matmaachen. Dir musst äre Schlofsak a Kappkësse matbrénge wann dir do schlooft. Dir kënnt natierlech och e puer Spiller matbrénge fir zesummen ze spillen.

3.3.2016: Spillfabrik goes Forum Geesseknäppchen
Weini: Donneschten 3. März 2016 um 19h30
Wou: Forum Geesseknäppchen 40 Boulevard Pierre Dupong, 1430 Luxembourg
D'Spillfabrik, zesummen mam Service Capel vun der Stad Lëtzebuerg an dem SNJ lued dësen Dag op een ganz speziellt Evenement an. Et handelt sech em een Echtzeit-Taktikspill. Et spillt een an enger Grupp vun 3-5 Leit an et kënnen zwëschent 8 an 200 Leit deelhuelen. D'Spill an deem dir mat deenen aneren Gruppen musst verhandelen awer och taktesch Spillzich maachen fir um Ënn vum Spill déi Equipe mat deenen meeschten Punkten ze sinn dauert 90 Minutten an versprécht op alle Fall Riesenspass. Den Christwart Conrad, keen Onbekannten an der Brietspillscene wäert iech als passionéierten an erfuerenen Spillleeder duerch dëst Abenteuer feieren.
Dir sollt deen Owend um 19h15 op der Plaatz sinn. D'Spillregelen ginn vun 19h30 bis 20h00 erklärt an dann geet et lass. Mir si frou esou vill ewéi méiglech Leit deen Owend kënnen ze begréissen. D'Spillfabrik ass deen Dag ausnahmsweis zou.

16.5.2015: Chill, Grill & Spill
Och dëst Joer geet et erëm op d'Grillplaz zu Rolléng. Samschdes, de 16.5. wäerte mer eis zu Rolléng bei der Grillhütt zesumme fannen fir eng Kéier dobaussen an der frëscher Loft gemittlech zesummen ze spillen. Dat Ganzt leeft no dem Motto Chill, Grill a Spill.
Et fänkt um 10:30 un. An der Mëttesstonn gëtt gegrillt: D'Iessen ass gratis fir Membere resp. kascht 5 Euro op de Kapp fir net-Memberen. De Menu ass au choix a souvill ee wëllt. Et gi Kottletten, Wipp, Zalot an Dessert à gogo. Gedrénks ass och op der Plaz (Cola, Spruddel, Waaser, Béier) wat een zum nämlechten Tarif wéi an der Spillfabrik kafe kann (1 Euro pro Béchs an 1,5 Euro pro Fläsch Béier).
Schluss as prinzipiell um 19:00, allerspéitstens ass Schluss wann et däischter gëtt.
Wee wëll iesse kommen, muss sech bis spéitstens de 15. Mee umellen, all déi aaner kënnen einfach bäistoussen, wéi een d'Zäit an d'Loscht huet. Déi genee Plaz ass hei: Navigatioun mat Google Maps

9.5.2014: Wizard Tournament
D' Spillfabrik ass houfreg, an Zesummenaarbecht mat Amigo-Spiele, deen éischte Lëtzebuerger Wizard-Tournoi ze presentéieren. D'Gewënner vun der Virausscheedung kënne bei der Finale deelhuelen.

Weider Informatiounen um Site vun Amigo: Link fir den Tournoi. An op Facebook: Link op de Facebook event.

Ween deel huele wëll, soll w.e.g. en E-Mail op schécken! Et si just 44 Plaze fräi!

23.4.2015: Jeudiscover
D'Spillfabrik stellt am Carré Rotondes eng Partie Spiller vir. Méi Informatioune fannt dir hei.

7.3.2015: Geocache Event
éischte Geocache-Event vun 2015. Méi Informatioune fannt dir hei.




13.12.2014: Playgirls & Gameboys
De Samsdeg, 13. Dezember 2014 ass d'Spillfabrik am Carré Rotondes op der Gare fir de "Playgirls & Gameboys"-Mëtteg. Weider Informatioune fënns du hei: Link bei d'Rotondes.

31.10.2014: Halloween-Special
D'Fräi Nuecht dëse Freideg steet ganz am Zeeche vun Halloween. Horror- a Fantasy-Spiller sinn haut eise Schwéierpunkt. Bréngt är Spiller mat dësen Theme mat a weist se äre Spillfabrik-Frënn!

16-19.10.2014: SPIEL zu Essen (D)
Vun en Donneschdeg, 16. Oktober 2014 un ass d'SPIEL zu Essen an Däitschland. Den Alain huet och schonn hei eng Kaart zesummegebastelt.

4.10.2014: Geocache Event
Zweete Geocache-Event vun 2014. Méi Informatioune fannt dir hei.




17.7.2014: Jeudiscover
D'Spillfabrik stellt am Carré Rotondes eng Partie Spiller vir. Link um Site vun de Rotondes.
Opgepasst: Parallel leeft zu Goussel een normale Spillowend.

12.7.2014: Grousse SPILLFABRIK Vive Vakanz Tournoi 2014
De Samsdeg, 12. Juli 2014 leeft deen drëtte "Spillfabrik Vive d'Vakanz Tournoi". Weider Informatioune fënns du op eisem Flyer.

12.9.2013: Pegasus-Clubspieletage
Dëse Spillowend steet exklusiv am Zeeche vu Pegasus. Am Kader vun hire Clubspieletage ënnerstëtzt Pegasus Spillclube mat hiren neitste Spiller. Mir soe Pegasus elo scho merci fir hire Support.

17.5.2014: Chill, Grill & Spill
Och dëst Joer geet et erëm op d'Grillplaz zu Rolléng. Samschdes, de 17.5. wäerte mer eis zu Rolléng bei der Grillhütt zesumme fannen fir eng Kéier dobaussen an der frëscher Loft gemittlech zesummen ze spillen. Dat Ganzt leeft no dem Motto Chill, Grill a Spill.
Et fänkt um 10:30 un. An der Mëttesstonn gëtt gegrillt: D'Iesse kascht 10 Euro op de Kapp fir e Menu au choix a souvill ee wëllt. Et gi Kottletten, Wipp, Zalot an Dessert à gogo (fir Kanner 5 Euro). Gedrénks ass och op der Plaz (Cola, Spruddel, Waaser, Béier) wat een zum nämlechten Tarif wéi an der Spillfabrik kafe kann (1 Euro pro Béchs an 1,5 Euro pro Fläsch Béier).
Schluss as prinzipiell um 19:00, allerspéitstens ass Schluss wann et däischter gëtt.
Wee wëll iesse kommen, muss sech bis spéitstens de 15. Mee umellen, all déi aaner kënnen einfach bäistoussen, wéi een d'Zäit an d'Loscht huet. Déi genee Plaz ass hei: Navigatioun mat Google Maps

14.6.2014: 100 Joer Rout Kräiz Lëtzebuerg
D'Rout Kräiz Lëtzebuerg feiert 100 Joer an d'Spillfabrik ass och dobäi. Méi Informatioune kommen nach no.

24.4.2014: Jeudiscover
D'Spillfabrik stellt am Carré Rotondes eng Partie Spiller vir. Event op Facebook.

19.4.2014: Zug um Zug Tournoi
Days of Wonder feiert mat engem weltwäiten Tournoi 10 Joer Zug um Zug. Och hei zu Lëtzebuerg, an do däerf d'Spillfabrik natierlech net feelen. D'Gewënner vun der Virausscheedung kënne bei der Finale zu Paräis deelhuelen.

Weider Informatiounen um Site vun Days of Wonder: Link fir den Tournoi. An op Facebook: Link op de Facebook-Event.

Ween deel huele wëll, soll w.e.g. en E-Mail op schécken! Et si just 40 Plaze fräi!

29.-30.3.2014: LuxCon
Lëtzebuerg huet och elo seng éischt SciFi- a Fantasy-Convention, an d'Spillfabrik ass do och dobäi mat Spiller déi an dee Milieu passen: Säit vun der LuxCon

1.3.2014: Geocache Event
éischte Geocache-Event vun 2014. Méi Informatioune fannt dir hei.




7.12.2013: Playgirls & Gameboys
De Samsdeg, 7. Dezember 2013 ass d'Spillfabrik am Carré Rotondes op der Gare fir de "Playgirls & Gameboys"-Mëtteg. Weider Informatioune fënns du hei: Link bei d'Rotondes.

24-27.10.2013: SPIEL zu Essen (D)
Vun en Donneschdeg, 24. Oktober 2013 un ass d'SPIEL zu Essen an Däitschland. Hei däerf kee Spillfan fehlen an d'Spillfabrik ass natierlech ënnert de Visiteuren. Mol kucken ob mer an deenen neien Halen eens ginn. Fir déi orientéierungslos Leit ;-) huet den Alain och schonn hei eng Kaart zesummegebastelt.

5.10.2013: Geocache Event
Nom grousse Succès vum Geocache-Event am Februar hu mer wëlles dat am Hierscht ze widderhuelen. Méi Informatioune fannt dir hei.



22.9.2013: Youth Days Lëntgen
De Sonndeg, 22. September 2013 ass d'Spillfabrik bei de Youth Days Lëntgen dobäi.

15.9.2013: Spillfabrik zu Iechternach
De Sonndeg, 15. September 2013 fiert d'Spillfabrik mam Ludobus op Iechternach bei de Séi bei d'Jugendherberg. Um 10:00 geet et lass, a fir d'Mëttesstonn hu mer eng "Barbecue Formule 2" reservéiert. Mir spillen dono bis 17:00.
Barbecue Formule 2: Schwéngskotlett, Grillwurscht, Poulet, Gromperenzalot, Wäisse Kabes, Wuerzelen, Zalot, Uebstzalot
Link Agenda Jugendherberg.

12.9.2013: Pegasus-Clubspieletage (ausgefall)
Dëse Spillowend steet exklusiv am Zeeche vu Pegasus. Am Kader vun hire Clubspieletage ënnerstëtzt Pegasus Spillclube mat hiren neitste Spiller. Mir soe Pegasus elo scho merci fir hire Support. (Note: Pegasus huet keng Spiller geliwwert gehat.)

6.7.2013: Grousse SPILLFABRIK Vive Vakanz Tournoi 2013
De Samsdeg, 6. Juli 2013 leeft deen zweete "Spillfabrik Vive d'Vakanz Tournoi". Weider Informatioune fënns du op eisem Flyer.

9.5.2013: Chill, Spill a Grill
Donneschdes, den 9.5. (Christi Himmelfahrt) wäerte mer eis zu Rolléng bei der neier Grillhütt zesumme fannen fir mol eng Kéier dobaussen an der frëscher Loft gemittlech zesummen ze spillen. Dat Ganzt leeft no dem Motto Chill, Grill a Spill.
Et fänkt um 10:30 un. An der Mëttesstonn gëtt gegrillt: Fir 10 Euro op de Kapp gëtt et eng Kottlet, and 2 Wipp mat Zalot à gogo (fir Kanner 5 Euro). Gedrénks ass och op der Plaz (Cola, Spruddel, Waaser, Béier) wat een zum nämlechten Tarif wéi an der Spillfabrik kafe kann (1 Euro pro Béchs an 1,5 Euro pro Fläsch Béier).
Schluss as prinzipiell um 19:00, allerspéitstens as Schluss wann et däischter gëtt.
Wee wëll iesse kommen, muss sech bis spéitstens de 6. Mee umellen, all déi aaner kënnen einfach bäistoussen, wéi een d'Zäit an d'Loscht huet. Déi genee Plaz ass hei: Navigatioun mat Google Maps

18.4.2013: Pegasus-Clubspieletage
Dëse Spillowend steet exklusiv am Zeeche vu Pegasus. Am Kader vun hire Clubspieletage ënnerstëtzt Pegasus Spillclube mat hiren neitste Spiller. Mir soe Pegasus elo scho merci fir hire Support.

9.2.2013: Geocache Event
E Samschdeg den 9. Februar 2013 hu mer e grousse Spilldag, deen a Verbindung mat engem Geocaching-Event gekoppelt ass. Bis haut sinn do scho ronn 30 Leit ugemellt: Méi Informatioune fannt dir hei.
Natierlech muss een net Geocacher si fir deen Dag kënne mat ze spillen, mais jiddereen ass do häerzlech wëllkomm. Gespillt gëtt vu 17.00 Auer un an der Spillfabrik. Mir hoffen iech all do ze gesinn.

30.11.2012: PEGASUS Spieleclubtag
De Freiden, 30. November 2012 ass an eiser Spillfabrik en bësse méi en speziellen Dag. Net nëmmen dass mir erëm Open-end hunn, mir hunn och nach PEGASUS SPIELCLUBTAGE. Eisen treie Member, dJeia, huet jo bekanntlech op der Spiel 2012 als Erklärbär bei Pegasus geschafft. D'Jeia ass un de Spillclub erugetrueden an huet gefrot op mir an der Spillfabrik esou e PEGASUS SPIELECLUBTAG organiséiere kënnen. Pegasus ënnerstëtzt nämlech sämtlech Spillklib wann esou en PEGASUS SPIELECLUBTAG ofgehale gëtt. Voller Begeeschterung ass déi Idee opgeholl ginn. De Freiden, 30.November also kann een dann déi neitste Spiller vu Pegasus teste kommen, an natierlech kréie mir se och nach vum Jeia erklärt.

18.-21.10.2012: SPIEL 2012
Dëst Joer war d'Spillfabrik och nees op der SPIEL vertrueden. Och des Kéier huet de Chrëscht en Erfahrungsbericht gemeet: lies emol hei!

14.7.2012: Grousse SPILLFABRIK Vive Vakanz Tournoi 2012
De Samsden, 14. Juli 2012 ass et esou wäit: an der Spillfabrik gëtt den éischte "Spillfabrik Vive d'Vakanz Tournoi" organiséiert. Weider Informatioune fënns du op eisem Flyer. Schreif dech schnell an a beweis däi Geschéck a verschiddene Spiller.

19.-22.10.2011: SPIEL 2011
Am Oktober ass et endlech erëm esou weit: d'SPIEL mécht erëm hier Dieren ob. E Rendez-vous dee kee Frënd vun de Gesellschaftsspiller verpassen däerf. Och mir sinn dëst Joer erëm vertrueden. De Marc, de Chrëscht, den Nëckel, de Guy an de Laurent maache sech déi 4 Deeg op de Wee no Essen fir déi neitsten Highlights ze testen a fir nei Spiller ze kafen. Natierlech gëtt dann och d'Spiel des Jahres QWIRKLE gespillt a bewäert. Mir maachen dann och wei all Joers eis Bewäertung vun de Spiller a küren dann um Enn vun deene 4 Deeg dat inoffiziellt d'Spiel des Jahres vun der Spillfabrik.
An hei de Link vun der Spiel: www.internationalespieltage.de

Mä dëst Joer ass alles anescht. Nodeems de Chrëscht d'lescht Joer um leschten Dag bei Ravensbureger d'Iddi hat fir sech bei engem Erklärbär(chen) ze informéiere wei dat esou ass fir als Erklärbär ob der Spiel ze schaffen, hat hien de verréckte Wonsch fir sech als Erklärbär ze mellen. Majo de 04.07.2011 war et dunn esou weit: de Chrëscht krut dConfirmatioun dass hien offiziell als Erklärbär bei Ravensburger ob der SPIEL 2011 schaffen däerf. An deem Sënn: RESPEKT.
ERFAHRUNGSBERICHT


Designed by Laurent Kruchten / Alain Baum