Essen 2011
Dem Chrëscht sein Erfahrungsbericht als Erklärbär ob der SPIEL 2011


"Erklärbär" - Animateur op der SPIEL 2011
Dëst Joer wor d'SPIEL zu Essen eng ganz aner fir de "Pakt vun der verspillten Brudderschaft". Dëst Joer si si fir déi aller éischte Kéier als Spillfabrik dorower gefuer. Mais dat wor net déi eenzeg Ännerung. Si haten och nach ee manner dobäi. Hire Sekretär de Chrëscht huet jo gemengt hie misst 2011 als "Erklärbär" um Stand vu Ravensburger ronderëm lafen.

Ech sinn dofir scho Mëttwochs a Begleedung vum Nëckel op Essen gefuer, wou ech ganz häerzlech am Team vu Ravensburger opgeholl gouf. Déi ganz Häerzlechkeet huet sech iwwert déi ganz Deeg ausgestreckt. An um Enn wore mer eng grouss Famill, déi leider vill ze kuerz zesumme wor.
En Dag als Erklärbär heescht um 09:00 an der Hal sinn. No engem klenge Briefing an dem Opriichte vun de Spiller, stoung dann nach e rouegen Tour duerch d'Halen um Plang, éiert et um 10:00 Auer lass goung.


Relativ séier woren eis Dëscher an och de Buedem gefëllt mat spillsüchtege Gecken. Mier hunn dunn dee ganzen Dag de Leit d'Spiller erklärt a bei Froe Ried an Äntwert gestanen. Schwéierpunkt bei Ravensburger wore Casa Grande, Die Burgen von Burgund, Asara, Bits a Puerto Rico an der Jubiläumsvariant. Am Kannereck loungen d'Schwéierpunkter ob den Elektronikspiller Tip-Toi, Schnappt Hubi an dem Labyrinth.

Op esou engem Dag sinn alt bis 1000 Spiller ausgeléint ginn. Owes wosst een also wat een den Dag iwwert geschwat huet. Am Nomëtteg hat ech dann all Dag eng kleng Paus, déi ech och dankend genotzt hunn.

Owes nodeems d'Halen eidel woren, hu mer dann erëm alles ageraumt, gebotzt an d'Miwwelen erëm riicht gestallt. Esou wor de Stand dann nees picobello fir deen aneren Dag. No engem kuerzen Ofschlossbriefing goung et dann an den Hotel.

No dräi Deeg op der Messe hunn ech meng Stëmmbänner gespuert. Alles an allem eng super Erfahrung déi ech do am Krees vun dem Ravensburger- Animationsteam gemaach hunn. Esou flott dass mäin Wee wuel fir d'Zukunft vun der SPIEL gemaach ass.




Vun hei aus dann och nach eng Kéier en decke Merci un dat ganzt Team.

Nom Motto:
Können wir es schaffen?
Ja, wir schaffen es!



An esou waarde mer alt nees 361 Deeg bis et erëm heescht:
Entschuldigung, können Sie mir das Spiel bitte erklären?


Designed by Laurent Kruchten / Alain Baum